Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1ten HDR

 
1ten HDR
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.06.2010
  • Gekuckt:
    29830
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1442x962
  • Späicherplaz:
    154 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Sony @330
  • Programm:
  • Objektiv:
    Sony 18-250
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46244]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wär frou wann Bild ungeholl gett, vir dass ech vlait nach mei Idee an Feedback kann kreien... :-)

Hun 5 Fotoen iwereneen geluecht am PS.
SteveM 10.06.2010 - 21:46
Hun zwär net vill Ahnung vun HDR well ech et selwa na net probeiert hun (steet awa um Programm soubaal bessen Zeit as) mee fannen se perseinlech ze deischter. Wier o ob Vabesserungsvierschlei gespaant dann wees ech wei ech mech uleen soll.
braddy 12.06.2010 - 12:40
Jo sin och gespaant op Infoen an Ideen... smile
m-otiv 10.06.2010 - 22:05
Erziel emol wei dein prozess war? wei een program etc...hdr erlaabt e bild perfekt ze belichten, waat hei guer net de fall ass.

Ech haat mein eischt och an menger stuff traineiert..

En tout cas ass daat bild optimaal fir hdr unzewänden, deichter bannen, hell baussen...
braddy 10.06.2010 - 22:31
Jo merci mol vir Info, haat natirlech een Stativ, an dann alles manuell Zait & Blend. just Zait verännert an emmer ISO 100.
Vlait misst ech et am Freien probeieren? Muss een Vlait bei der Wiehl vun den Zaiten oppassen?!?
Lossen mech gären beleieren well HDR ass eng flott Saach smile
Mexx 11.06.2010 - 02:10
mengen Wat de Vito wollt soen ass, dat s de ze wéineg Laangzaitbeliichtungen gemat hues, de Raum ass nach vill ze Donkel, dohier dat doten häss de bal kennen mat enger Normaler Foto maachen. De Virdeel vun HDRn ass et jo dat een kann all Eck vum Bild richteg beliichten, och wann et sou wei hei 2 Extremer sinn.
braddy 11.06.2010 - 07:34
Ok...gett et do eng Riichtline wei eng Beliichtungen een sollt huelen an dann veränneren...oder ass daat üben üben üben..?
Gaga 11.06.2010 - 11:55
nee, daat hänkt jo derfun oof !
waats de kansn machen :
mam apparat am A-modus dei hell an deischter punkten am bild unfocusseieren, an kucken weieng zeiten dat hien der vierschleit, do muss de dann just op deem punkt t'beliichtung moossen, net am ganzen bild (kann een normalerweis op der camera astellen), duerno hells de dann dei zwee extremer (zb 1/125 - 10'' an deels se duerch blendestuffen ... natierlech no uewen oprennen, da kanns de ongefeier erausfannen waats de brauchs : -> 16/1 8/1 4/1 2/1 1/1 1/2 1/4 1/8 1/15 1/30 1/60 1/125
braddy 11.06.2010 - 22:17
Merci vir dei Infoen smile
SteveM 12.06.2010 - 16:35
Hallo,
probeieren demnächst mol mein 1ten HDR. Geet et dann net wann een einfa manuell Beliichtung helt an puer fotoen mat verschidden laanger beliichtung mecht an se dann einfa iwwereneen leet?
braddy 13.06.2010 - 18:13
daat ass mol esou wei ech et probeiert hun...villaischt ass et awer och Motiv oofhängech smile ??
Gaga 15.06.2010 - 16:00
den probleem dofunner gesait een schon an der schreftlecher duerstellung ...
"e puer" "verschidden laanger beliichtung"

waat sin e puer ?
waat sin verschidden beliichtungen ????

dei definitioun as keng, se as sou relatif dat een mol net kann soen richteg oder falsch !

och mat 20 fotoen geht et net duer wann dei làngst derfun net iwert eng 10tel sekonn geht ... mat drei och net wann dei kierzt 10 sekonnen huet (!) .... also huet daat net vill Kapp a Schwanz ...

du muss jo jeh no situatioun wessen weieng beliichtung dats de brauchs ... well mat 3 RAW geht et deck duer fier dei meescht HDR'en .. (loossen mech do awer gären fun den Expert'en beleieren !
braddy 16.06.2010 - 13:59
Jo..ech muss mech do nach eran schaffen an üben...bis elo
hun ech et nach net am RAW probeiert...vlait ass daat jo schons besser... Merci vir Info's

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 475 Gäscht online