bon idée, mais comme olimi a déjà dit, les 2 sont flous, alors que ces 2 personnages sont la définition-même de ton image...et puis il y a le flash, et peut-être qu'en noir et blanc ton image aurait plus de symbolique, non?
Ech sinn virklech frou daat s du an puer aner leit hunn sech zäit gehol fir d'kommentären. Ech probéieren d'bild a s/w ze maan, vleicht hues du recht...
Fir d'éischt vilmols merci fir d'kommentären.
Effektif, d'letzebuerg ass net meng mammersprochawer dir kaant allerguer op letz schreiwen. meng aner sprochen sinn Fr, Eng, De a ... RU.
et wär effectif besser ouni bletz me ech hat kee tripod bei mir.
de focus war express op déen éischten stuhl an d'leitnet schaaf well ech wollt d?esen effekt daat si e besse an dem aner welt sinn,
Du sees den 1. kirch rei focus , net den 2. - virwatt wär et besser fir d'Leit onscharf ze hun?
Mjo daat as ganz einfach, kuck op denger Foto wou deen Stull jo do ganz kloer as. Och wann d'Leit hei onschaarf sin, sin se wirklech nemmen nach een Hannergronn well den Stull immens staark beliicht as. Wanns du lo keen Bletz gehaat häss, dei 2t Rei focusseiert häss, dann wier dei Koppel nach emmer onschaarf gewiecht, mee den Stull fir wier net sou staark an d'Bild gefall. Also wanns de vun deem nämlechten Point de Vue d'Photo gemaach häss. D'Opmierksamkeet fällt am Moment op deen Stull do, an do kann ech perseinlech näischt immenses drun fannen..
An nach een klengen Tip : wann keen Stativ, an et wellt een awer bessi mei laang beliichten, do an der Kierch waren vill däer Still, wou een eppes kann drop leen. Do drop leen, mat Selbstauslöser (dann bougeiers du den apparat net mam Fanger) dann Foto maan lossen.
Hm, also wann ech éierlech si soll, da gefällt mer dës Photo wiirklech nët besonnesch, och wanns du d'Leit wolls onschaarf maachen. Dat wier an dem Fall gudd wous du nët déi Still vir häss, mee sou mengt wiirklech jiddereen direkt dass de einfach dat falscht, also d'Still schaarf gestallt hues. Dovun ofgesin ass de Stull duerch de Blëtz zevill opgehellt wat d'Opmierksamkeet nach méi dorop lenkt, a nët op d'Koppel. Ouni Still wier dat ganzt Bild wuel besser. Wats de häss probéieren kënnen, ass de Stull vir ze fokusséieren, de Knäpchen hallef eranzedrécken, an dann awer méi héich iwert de Still ewech ze photographéieren, da wier de Blëtz nët sou direkt op d'Still gefall. Ausserdem, fannen ech ass souwisou e bëssi zevill Stull um Bild. Desweideren ass d'Photo schief a fir mäi gout och nët gudd cadréiert. Sorry, ma och wanns de keen Stativ dobäi has, doraus häss de wesentlech méi maache kënnen. Naischt fir ongudd.
Ech fannen déng Bemiekengen ganz hellefsvol an --- och richteg. Technech ass déi Photo ass nach ze wënschen. Leider Gefuller an Ambianz kommen net duerch wann een technëch net op engem gewessene Niveau ass. ViIlmols merci fir dats du dir d'Zäit gehol hues fir mir daat alles so klor an an Detail ze eklären.