Eng einfach Foto am MuDam , eng Plaatz fir Foten mat fantasie ze maachen wei neirens baal zu Letzeburg... Vive de Mudam, daier jo mé eppes fantastesches ... an dén wärt do sinn nach ann 200 Joer!
Et ass jo keng Porno! Also méi Fine Art ewei dei dooten gett awer nett. D'Foteon op der Mauer sinn Permanent Austellungen am Mudam .. an d'Foto ass erlaabt.
ech si net esou sëcher mam "erlaabt" ech krut gesot es kann fotofrafeiert gin mais nëmmen fir perseinlechen Gebrauch a net fir auszestellen...wei ass dat mat Publikatioun op PG? Wier mol ze klären. ""
daat ass jo Privaten Gebrauch ... Ech hunn meng Niiece matt dém Hannergrond Fotografeiert... muss ech dem Gudden Herrgott och em Erlabnis froen wann ech 1 Bësch fotografeieren... Né ech witzen... Ech hunn mech jo och dei slewescht Fro gestallt...
Et gett jo eng grouss Diskussioun iwert engem Fotograaf dén ech elo den Numm nett méi wéés dén eng ganz Serie geméét huet iwert Oeuvren vun aaner Artisten... an dann och austellt an domaden Suen verdingt huet...
Ech mengen ech verdingen jo keng Suen matt denen Aanren ihr Fotoen.
Voilà ... an zemools well ech gefroot hunn op ech den Apparat matthuelen dirft. Mein 7D an den ganze Zäiten vun der Sécurité verfollecht ginn... um Ënn woar ech nach baal Frënn ginn vun e peur vun hinnen.
Absolut nett ! dei 3 dei do hängen sinn Permanent Expo vum Mudam an enger 4 Foto Serie dei en Plus voller Digital Noise Sinn ... daat beweist ganz einfach daat D'Foto nett onbedingt perfekt muss sinn mé daat de Message durch kennt... an daat ass en effet dei nei riichtung vun de Profi Fotograen dei matt Digital schaffen. Den Intérêt vun der Foto ass de Message an wei de Message op d'Bild duergestallt gett... daat soll fir ais amateuren dei eppes wellen duerstellen eng Leier. ... D'Biller sinn praktesch nie perfekt mais dei hunn eng Kompo dei einfach wahnsinnesch ass ... du kucks gleichzäitesch 4 riesech fotoen an du gesais alles!...
Ech maachen och nach vill aaner foteon dei ech guer nett waisen ... mé ech hunn d'Fotographie an sengem Ensemble gären.
Fir eng fine Art Foto ze maachen muss én vill mé awer dann och vill traineiren... fir eppes op D ' tappéit ze brengen waat senegem Stil Korrespondeiert.
Ech maachen dess och am HDR opschons daat guer nett neidesch wier. Ech hunn awer esou eng grouss Bewegungsfreihéét.
Meng Basis Foto ass an den dooten fall ëmmer gebrauchbar an briicht nett den HDR ze gebrauchen.
Ech hunn villeicht am Hannergrond eng Produktioun vun engem Aaneren Fotograaf gebraucht an dofir keint ech gesoot kreien daat daat nett ok ass, ... dann keint ech dém do mol guer net Onrecht ginn ... mé waat ass hai wichtesch?...
Merci Charel, Et ass nemmen fir ze waisen daat én am Mudam Flott saachen machen kenn ... hunn jo daat an mengem Kommentar gesoot.
De Message... daat zielt! d'Perfektioun vum shot ass ewei 1 Message durchkennt durch d'Foto...
jo kloer....d'Iddi eng nei foto matt eegene existenten Fotoen als hannergronn ze maachen wir jo och eng gutt Iddi gewiecht, an vum gtaddei hätt mech daat och net gewonnert
Jo mé ech sinn am Mudamm gewiecht .. an bis ech an de Mudamm ausgestallt ginn mengen ech daat nach jett hektoliteren Waassser ennert der Brëck fleissen muss... 2-3 Liewen ? brauch én...
hehe joh mat der Zensur duercht ech o schons.... (ech hett se wascheinlech awer och aktiveiert)
as eng propper Foto dei op dei 5 SCHENIAL Fotoen (un der Mauer) nach eppes klenges drop setzt!
ech geiff awer mengen dass eng kleng Notiz zum Kènstler ubruecht wier! Kathrin Freisager
ps: dem R. Fischer seng 2 Portraien hun allerdings och eppes!
Ganz denger Meenung waat Fotoen maachen ugeet. Hun do och schon e puer Motiver fonnt. Een tip: Mettwochs ass emmer owes ab 18:00 fräien Entrée, an wann e Vernissage vun enger neier Austellung do ass, dann onbedengt dohin goen. Do fennt een meeschtens och Visiteuren déi sech mol fotographéieren lossen, an en plus gëtt et lecker a vum feinsten vir ze iessen an ze drenken.
Ech mengen esou ass et och geduecht. Daat ganzt heescht "Wednesday at MUDAM" oft och mat enger Klenger Musik Band. Jo eben esou en After Work Event.
Besser ass du renseignéiers dech awer virdrun wanns du wells goen
Cool foto gt !
mais ouni elo falsch verstanen ze gin, waat as elo genau erlaabt an waat net, ech hun nämlech geduecht eng weiblech broschtwarz wier tabu ... as se et oder net ???
sin elo nemmen genitialen verbueden oder wei ?
Oupss ... So keng Krass Wieder... "Warzel...?" oh jé ... an dann Genitalien?... nach méi schlemm... Soo ass hai Inquisitioun? ... Ech gesinn Méédecher dei sech selwer Plaakesch fotografeieren an hai hunn ech eng Oeffentlech Foto genippst ... Plagiat ... jo villeicht... mé waat ass dann dobai eng Fine Art Plakescht Médchen oder Mann ze waisen?... Ahh --- Jo dann misst de Site fir -18 Joer verbueden sinn... mé dei wessen mei ewei esch ? cf meng Neveuen...
Witzen natiirlesch... ""
Ech kann der et och erklären, dann ass och kloer wisou dës trotzdem aktivéiert ginn ass: Mir erlaben eigentlech näischt esou als direkt Foto well esou Fotoen extrem delikat sinn, heescht dass se wirklech musse gutt gemaach si fir dass se propper duergestalt sinn. Ausserdem wëlle mer vermeiden, dass wann esou Fotoen um Site wiren, dass "Kanner" ufänken sou Saachen och wëllen ze maachen an dann géif just nach schlechtes komme respektiv souguer onästetesch asw ... An fir dat ze vermeiden hale mer eis einfach un d' Regel allgemeng keng sou Fotoen ze erlaben. Well hei awer just eng aner Foto duergestalt gëtt, gëllt dat guer net fir dës Foto, an dass d' Foto anstänneg gemaach ass ass jo doduerch ginn dass se ëffentlech zougänglech ass.
Ech hoffen dat war lo verständlech an huet et bëssen opgeklärt
Johny daat woar kloer fun Ufank fir mech.
daat fir d'Kanner ass och kloer ... hunn ech dropp ugewisen.
Merci fir d'Erklärung...
Allzäiten ech wollt fun Ufang uns iwerhaupt net provokativ sinn.
Ech sinn kén Puritan awer du huess vollkommen Recht dech an verschidden regelen ze haalen.
ok, merci Johny !
Ech haat dei diskusioun och schon eng keier resp. haat schon firun engem joer nogefroot !
wor elo just e bessen duercherneen komm, mais dann haat ech et richteg an erennerung !
Ech wollt et just nach eng keier kloergestallt hun !
Ech verstin dei "reventif" seit, ech mengen iwert daat aanert gt, brauchen mer net ze schwätzen, an all shampoo-reklam gesais de haut mei !
an dat t'jugend keen bioskuer mei brauch fier opgeklärt ze gin, dat missten dei mescht jo och mettlerweil wessen !
schlussendlech as et awer t'oofbildung fun enger aanerer foto dei hei ausschlaggebend as, t'foto dei un der wand hänkt, wier als foto hei also net accepteiert gin !
ganz rischtesch ... et fehlen 2 foteon riets an d'Médchen woar genau an der Mett an daat huet mir nett gefall ... dofir é Kropp... gudd gesinn... mé si ass nett gescaled
jo, an der Zeit hun ech och esou eppes gemach
ech si nët emmer an aalen raschtegen Indutriebrochen ennerwée gewiercht,
de Mensch évoluéiert ... et as dach Darwinjoer
Wéi mëcht een daat, fir guer keng Verzerrung ze kréien ? Ech hun gëschter daat selwescht Motiv fotograféiert, mee nuje ... 't ass just ze gebräuchen fir op Pisa ... nirwend den Turm ...
Et géét och matt enger Richtiger Distanz vum Subjekt an dann de Foto apparat esou stellen daat d'Horizon Linnen an dei Vertikaal Linnen openéén stemmen ... ech hunn op mengem 7D eng Wo (Waage oder Niveau miesser ) dann géét et emmer ... soss ewei de Gaga soot