Hei ass faarweg besser, obschon ech och vum Sujet hier léiwer SW hätt. Probéier soss ze desaturéieren, do kriss de eng gudd Stëmmung eräus an d'Kontraster sin net sou haart wéi an déngem SW. (Ech desaturéieren méng Kierfenter meeschtens.)
Awer soss en gudden Pano fannen ech!
EXIF an Objektiv-Typ wieren nach interessant gewiecht.
Zu den Exifen: aus 12 Fotoen mat Brennwait 12 Blend 9 sek 1/80. Mam desatureiren hunn ech och schon sou Kierfescht Fotoen gemaach mee do kennt dann awer eng ähnlesch Stemmung op wei bei SW, also mei düster. ech tendeiren eier zur Faarweger lo well et eben mol eppes aaneschtes ass fier e kierfecht.
Ech hunn lo awer nach eng Kéier daat mat désatureiren probéiert an dei gefällt mer lo usech och ganz gutt mee ech mengen hei hänkt et einfach vun menger perseinlecher Stemmungslaach oof weieng besser gefällt .
Jo do hues de recht, et hängt vill vun dénger perséinlecher Stemmung of wéi's de deng Foto grad beaarbechs.
Ech fannen déng desaturéiert elo am beschten, déi liicht Faarwen vum Wee sin net méi sou penetrant, an d'Kontraster net méi sou haart. D'Kierfent-Atmosphär kennt och gudd eriwwer. Mäi Fav vun denen 3 (dat ass awer lo reng méng Meenung).