ech tippen op en gudden collage.
well vum gezei hies ass souzesoen alles d'selwecht. d.h. d'faalen am gezei, ennen d'box dei ropgediebelt ass an d'mutz setzt 100% bei deem een wei och bei deem aaner. souguer d'hoer kukken d'selwecht op der selwechter plaatz beim ouer hannen eraus.
och wann et zwillingen sin, sin et awer zefill äusserlech fakteuren dei iwwereneen stemmen.
an wanns de 2 fotoen mat intervall vun e puer sec. mess? oder dee selwechten ass d'pist 2x roof geroodelt?
dann hues de nemmi di selwecht kierperpositioun
Edit:
Ech giff souguer baal mech trauen ze soen dass lénks deen ass wou gekollt ass
Ech wees et net, uewen daat roud-waiss Scheld ass nähmlech net 2 mol do wei den Baam (dei 2 Beem) ob 10 Auer deen fir deng Theorie geif schwetzen.
Motiv muß suiveiert gin sin well sos wären mei Onschärften ob den Boufen bei 1/30 sec. (daat heescht Stativ fällt och eweg, waat geif erklären firwaat daat roud-waiss Scheld nemmen 1 mol do ass)
Ech sin awer elo wirklech gespaant waat jeanny eis seet!
Ech hun Boufen mol ausgemoß, deen Lenksen ass mei Grouß vun Nuesspetz bis ob Zeigefinger, mee daat ass jo variabel mat der Hand an der Haltung.
Par contre huet den Bouf rieds mei een groußen Kapp an mei grouß Schung obschon se quasi hannert eneen fueren.
Fir den Rescht huet den Mike schon richteg gesot :"well vum gezei hies ass souzesoen alles d'selwecht. d.h. d'faalen am gezei, ennen d'box dei ropgediebelt ass an d'mutz setzt 100% bei deem een wei och bei deem aaner. souguer d'hoer kukken d'selwecht op der selwechter plaatz beim ouer hannen eraus."
Wann gebastelt dann geif ech ob Collage tippen oder do sin effektiv 2 Boufen dei 100% selwegt ungedoen waren Piste erofgefuer.
oh, esou eng Diskussioun,
haat eng Serie vum Kand ouni Stativ fotografeiert, wei et erof gefuer ass, an dess Zwou, hu sou gepasst, dass ech e Collage gemaat hun.
Soen iech all merci