Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mister Luxembourg

 
Mister Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.12.2009
  • Gekuckt:
    32048
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    667x1000
  • Späicherplaz:
    286 KB
  • Originaldatum:
    2009:12:20 22:45:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41435]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eisen Mister Luxembourg mat sengen 2 Dauphin'en.
arwa 20.12.2009 - 23:42
Chef as Chef

ech wëll jo kengem ze no trieden, mais iergendwei gesinn 1 an 2 dach zimmlech "overst,led" aus , gewollt oder nët !
gloda 21.12.2009 - 00:03
Wann ech den Dauphin'en hir Frisur kucken... ech mengen déi hun besser ausgesin iert se fir den Concours gestylt goufen.
Zur Foto: Direkt geblëtzt = bäh. Bei der Mr & Miss Foto as d'Luucht d'selwecht.
deendo 21.12.2009 - 13:05
nee, nët direkt geblëtzt. Do kanns de den Armand gären froen closed_eye Ech huelen un dass en deel vun der Luucht vun der Zarge reflektéiert gouf a guer nët bis géint den Plafond vum Tiermchen koum ass.
gloda 21.12.2009 - 13:17
Ah ok. Wat hues de dann gemaach? Op béiden Fotoen hues de en Schiet deen op der selwechter Héicht bleiwt an just e bëssen no ries réckelt, wéi wanns de d'Kamera no lénks gekippt häss fir am Héichformat ze fotograféieren an den Blëtz denn eben d'Leit vu lénks beliicht.
deendo 21.12.2009 - 13:19
Hoppla, lo hun ech main éischten Kommentar nach iwwerschafft an ausgebaut:

Op béiden Fotoen gouf géint den Plafond gebletzt an d'Reflekterkaart war erausgezunn. Ech kann der beim beschten Wëllen nët soën wisou së awer nach Schieder am Gesiicht hun. Vlaicht hätt ech hei awer sollten den Blëtzkabel auspaaken an vun uewen lénks blëtzen.
arwa 21.12.2009 - 13:26
ëch wées, virwaat ëch mëch bei déem - shooting - aus dem Stëbs gemaach hun closed_eye
deendo 21.12.2009 - 13:30
Jo, hätt ech och am léifsten. Awer daat heiten ass nees eng vun deenen Fotoen déi bei all Geleegenheet aus dem Archiv geholl gin. Déi brauch d'Redaktioun nunmol... *g*
arwa 21.12.2009 - 13:32
btw. ech hun dem DianA Nilles sei Numm falsch geschriwwen closed_eye

hat en am Ufank richteg, dunn awer duerch iergend welch Emstänn geännert (mat E) .........nun denn, lo as et eh egal smile
deendo 21.12.2009 - 13:35
Jo daat ka jo mol séier geschéien. Den Quotidien huet d'Nimm vun den Dauphinen och duercherneen geheit obwuel së an der Bildbeschreiwung korrekt stoungen. Ech haat nach extra drop opgepasst well ech daat gefaart haat! Tztztz
arwa 21.12.2009 - 13:39
d'Zeitong vun haut as muer Zeitong vu geschter...... Schwamm drüber closed_eye
Poly 21.12.2009 - 00:03
hoffentlech ass dat doen ironesch gemengt confused
arwa 21.12.2009 - 07:51
wei mengs de daat ?
deendo 21.12.2009 - 13:20
Well se nët immen "männlech" ausgesinn. Eischter Metrosexuell *g*
arwa 21.12.2009 - 13:24
*Metrosexuell* , na nie heieren
hun och dei Déeg neicht sou am Metro zu Pareis gesinn closed_eye
deendo 21.12.2009 - 13:32
Lo machen ech et einfach: klick mech

Hm klappt iergendwéi nët. Op Wikipedia fënns de méi doriwwer, daat hun ech nët erfonnt.

arwa 21.12.2009 - 13:38
ëch wées an éen, dée mëch kennt, wées dat ëch daat wées...... stëllen ëmmer sou blöd Froën (dat hues du jo mittlerweil och scho matkritt closed_eye...)

Metrosexualität, passt bei villes, aber nie bei eng Mister ... Wahl .

iwwregens, wat hu se am TB mat denge Fotoën - online -geméet ?
deendo 21.12.2009 - 14:10
Jop daat hun ech scho verstaan (& matkritt).

Nee also e Mister sollt schon eppes duerstellen - a virun allem männlech wierken.

Fro mech nët waat së mat mengen Fotoen gemach hun. Online gesinn se wierklëch nët méi gudd aus. Ech muss do mol engkéier nofroen wéi si se kompriméieren. Daat mëch alles eis Internetredaktioun, do hun ech keen Afloss drop. Vlaicht lait et och un engem Script op der Homepage? Du mengs jo déi onschärft, woubai daat "knackegt" verluer gaangen ass?
arwa 21.12.2009 - 14:50
genée daat mengten ëch

dat se kleng sin, daat si mir jo gewinnt, as bei eis jo och sou closed_eye
deendo 21.12.2009 - 15:05
Ech froen no, awer ech hoffen jo dass ech domat kengem vun eisen Leit opt Féiss trëtonguepelen...
arwa 21.12.2009 - 15:18
daat wier jo nach mei schein,

aanerer musse stonnelaang op sou -Events- aushalen an da gesinn d'Fotoën aus wei aus enger Seihbecken unhappy (also, online wuelgemierkt !)
Poly 21.12.2009 - 20:38
ab merci wann dat déi schéinsten "maenner" a am land sinn dann ....da sin ech frou dat ech keng Fra sinn...grins grins
dr_kim_veis 21.12.2009 - 06:49
???
Maniac 21.12.2009 - 10:53
o freggi..
JADE 21.12.2009 - 11:14
ech wees net waat sie matt den Dauphin'en gemach hun ...
mee et ass net ganz virdeelhaft fir sie gin ... fir daat elo elegant auszedrécken
errenert mech un déi Artisten déi Roboter/Holzpoppen nomachen
Schmink, iwerhaapt, ass net ideal fir Maenner, och wann et heiansdo muss sin fir Fotoen, awer déi heiten ass nun wierklech iwerdriwen

war keng aaner Plaaz méiglech? ...
gesait alles esou angeengt aus ... baal wéi wann daat een Fisheye gewiecht wier

ass net deng Schold, awer deen Dekor ass och net deen schéinsten fir esou Fotoen ... idem fir déi Foto an der Schloofkummer
deendo 21.12.2009 - 13:06
Zur Plaaz: do haaten mer nët vill Auswiehl: um Bett, um Canapé oder am Tiermchen. Do misst den Waitwénkel eben dru gleewen closed_eye

Edit: Ech fannen och dass së ët e bessen guer gudd gemengt haaten mam Make-Up. Nujee, et war nët dë Jongen hier "Schold".
MarcGerard 21.12.2009 - 14:08

ech kenne jo vu gesin just deen do lénks am bild. an ech muss der recht gin...
arwa 21.12.2009 - 15:20
iwwregens, e bekannte Radio- an Telesender hei am Land huet niewt mengem Online-Text geschter och nach de Fehler (Diane/Diana) kopeiert a gedreckt, souwuel online wei och um Teletext !!!
do geseit éen closed_eye smile
deendo 21.12.2009 - 16:47
Ha! Da wësse mer jo elo bei wiem se knaipen closed_eye Da bass du also den Ausléiser vun deem ganzen Schlamassel! *grins*
Keup 21.12.2009 - 16:19
Et mengt een et wier een bei Madame Tussauds.
Also dei gesin bestemmt besser ongestyled aus. (Ech hoffen et fir sie)

deendo 21.12.2009 - 16:47
Haha, jo lo wous de et sees closed_eye
Keup 21.12.2009 - 16:48
Jo ass krass muss lo selwer laachen. closed_eye)
deendo 21.12.2009 - 16:49
*sëch erem ganz séier zesumme rappt*
Jeanny 22.12.2009 - 06:08
Upsss, gesinn sou eis scheinste Letzebuerger Jongen aus.
arwa 22.12.2009 - 07:53
zumindest dei, dei sech getraut hun, do matzemaachen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
3 Benotzer an 501 Gäscht online