super foto !
mais t'luchtestrahlen, sonnenstrahlen eichter, dei keinns de e bessen mei diffuse machen an mei transparent ! sou sin se e bessen too much !
ech hun perseinlech erausfonnt, dat een bei den meeschten sachen (ODR, Saturatioun/Kontrast, PS-Effekter etc ) emmer besser huet sech zereckzehaalen, also emmer sech ze bremsen an soen 80% geht duer, dann trefft een fill besser den gout fun der allgemengheet, also ech mengen wann een selwer 2 stonnen drop kuckt, kritt een daat net mei sou intensiv mat wei een deen duerno t'Foto einfach färdeg gesait !
dufier wei een gudden Kolleg fun mier eng keier soot : less is more !
PS : ech hun en bessen Lotto gespillt wei ech soot dat et PS as, mais hun mer et geduecht, et wier ze schein fier wouer ze sin se esou passend op en Bild ze kreien ... och mat Blend 22!
bei mengem läschten Bild hun ech daat nämlech och gefakt, an mech och ferm zreckgehaalen, waat awer am endeffekt beigedroen huet, dat keen zefill op den strahlen hänkenbliwen as ! d.h. ausser den Bob, deen haat berechtegt zweifelen dat se ech sin !
!Dës Foto ass net méi am System!
Less is more do hues de recht. Mee heiendsdo wierkt en bessen iwwerdreiwen gudd mee bon ass risiko an hei haett ech mech villeicht missen un dein Sprechwuert haalen.
Jojo war PS CS3 an bessen Lightroom.
Bei denger wierken dei Liichtstrahlen zwar mega, menger Meenung no.
merci merci !
probeier mol (den layer as jo op ineinanderkopieren?)
e bessen rauschen an den layer ze machen fun den strahlen !
(rauschen hinz. -> monochrom)
dann evtl ,nach e bessen manner deckung !
D Idde klengt gudd. Mee deen Layer hun ech net mei. D Foto ass natiirlech ouni Layeren ofgespeichert gin. Mee dei Saach mam rauschen heiert sech gudd un an waert daat wierklech mol probeieren.
Glëckwënsch zur Foto vun der Woch. Et sin awer e puer Sachen déi mech e bessi stéieren. Eischtens ass déi Vue schon grad sou bekannt wéi d'Centrale Thermique zu Letzebuerg (oder d'Phillha). Deng Bea ass super awer den Liichtstrahl stéiert mech. Less is more. Obwuel ech deng Aarbescht emmer erem genial fannen ass desst net grad menges....
Majo ech wees net ops de schon do wars mee dei vue huet mech einfach geruff wanns de verstees waat ech mengen. Wollt och eppes anescht maachen well jiddereen dei vue do hellt. Mee direkt an der entree geseit een einfach dei ganz haal am beschten. Ech wollt se sou fir mech maachen.
Mam Liichtstrahl hun ech och schon vum Gaga gesot kritt an dir hutt wahrscheinlech recht an bei mir doheem haenkt se och ouni deen. Et war en Experiment waat eben net esou gelong ass an ech wees net op ech mech na un sou künstlech ageblenden Detaillen waert runwoen well ech am PS einfach na net genug Kenntnis hun an et meeschtens net gudd unkomm ass.
Daess et net denges ass kann ech novollzeien. Du bass mei sou den Perfektionist an ech schaffen mei drop lass an dann kommen eben net emmer gudd saachen dobei raus.
Mee probeieren aus all Kritik daat bescht raus ze zeihen an bei ze leieren well dofir sin ech hei.
Merci fir deng ausféierlech Äntwert. Wéi schon gesoot fannen ech deng Aarbeschten emmer erem genial, dofir schreiwen ech net oft eppes dobei well zevill Luef jo just dem Ego schmeichelt. Bei deser Foto war ech awer net sou begeschtert an well ech se nun mol all Daag op der Frontpage gesin hun, hun ech mech awer iwerwonnen e bessi Kritik auszeüben.