flott beliicht hues "de" déi
nach mat enger täscheluucht (oder mam handy) op de logo geschoss, an se as räif vir e katalog. am anere fall hätt ech den GTR einfach geschwäezt, well dat wier och flott (fannen ech)
De Logo war an der Originalfoto bal guer net ze erkennen, meng Idee war et eigentlech fir et sou ze maachen dass een eben grad de Logo och ganz gutt erkennt
jo, ass well de kapot iwwert de logo zitt an deen mi deif eran ass "wi normal"....
wei hues de dann di beliichtung hinkritt? ass mega!
wei ech do wor, wor alles superhell, iwwerl huet e spot gesteiert...an et wor e waarmt liicht, kee kaalt wei op denger foto...hun ech mol fonnt....
cheers
mike
EDIT:
Hun lo mol an den Extras gesin dass de vill gephotoshopt hues...
Ma ech hu scho mol immens kuerz beliicht fir déi Bedingungen soudass et schonn immens däischter war. Am Hannergrond hun ech déi stéirend Saachen einfach mat schwaarz konnten iwwerzeechnen, sou däischter war et do. Déi zwee Spoten mat ënnerschiddlecher Faarwtemperatur hu mech och genervt, dofir hunn ech den Auto selwer hei s/w gemaach, fir dass et no propperem sëlwer ausgesäit. Mierkt een hei guer net, dass eigentlech just de Logo net s/w ass .. an dann nach tonneweis Spigelungen / Reflexer wechretouchéiert.
aaahh ech hun der schon 4 hei gesin ... den auto as esou geil !
grrr... ok, t'foto:
perspektiv an kadrage as mega, hues de dech un GT orienteiert ?
genau wei den auto .. lenks hues de gewollt sou geschnidden oder wor net mei drop ?
Ouni déi puer Reflexer (ech hun der schonn immens vill eraus gemaach) erkennt ee guer net méi dass dat Déngen en Daach huet, géifs du dat besser fannen ... ?
d'Reflexer , .. né just de Liichtpunkt Punkt an der Mëtt vum Dach mengen ech, eventuell réits uewen , dé méi langen Lichtreflex e bessen ofgonkelen, an em Gotteswëllen net ganz ewechmachen Et as jo am schwarzen nach genuch dran !
d'Linn um Capo, (déi an d'Lucht geht, ennechten Drëttel) geht wahrscheinlech, wengs der Perspektiv net anecht.
Irgentwéi stéiert et mech awer, ouni wellen ze meckeren
et huet kén aneren méi eppes derzou geschriwen, da sin ech wuel en énzegen dén dat esou geséit
U sech trauen ech mech elo och nët méi ze schréiwen, dat ech selver! d'Luucht lènks nët esou knapp geschnidden hät. Se léft an d'Rumm wat ech nët esou gut fannen, do fehlt mer irgentwéi dat klitzeklëngt Stëck gro Rum vum Scheinwerfer.
Et as awer schwéier ze beurtélen, well ech selwer d'Original net gesin hun,
an dorno gut schwëtzen (schreiwen) as )
Ech ginn der absolut Recht mat der Luucht, mee ech hat elo an engem Kommentar enzwech scho geschriwwen: Se war liicht schif, an schonn knapp geschnidden, an dun beim riicht réckelen ass se soujust ugeschnidde ginn :/
lo gesin ech et och, beim Gaga ... Dat as de nodél wann en Foto gut
as a vill Kommentaren huet. d'Iwersich geht e besse verluer, en et iwerséit én dén en oder aneren Kommentar (sorry Gaga .. )
Dat war am fong vum Logo riets, an well den aneren vun de Faarwen awer net gutt war, egal wéi ech probéiert hun an och sws net sou schaarf wéi ech e wollt, hun ech en aneren geholl dee besser gerode war An der Originalfoto huet een de Logo nämlech guer net erkannt, war geplangt dass ech en herno asetzen wärt.
Dat wat ee gesäit ass op jidde Fall keen Auto. Mir 2 wössen awer ganz genau dass dat een Auto ass, obschonns mir hei kee gesin. Dëst gëhéiert an de Sujet vun dër Réductioun: wéi weit kann ë Sujet réduzéiert gin fir dass een ën trotzdem nach als solchen erkanne kann, a wat fir eng Spézifizitéiten mussen duerfir respektéiert gin ?