urgh...fir MECH as den WAIT fun diksret wesch!
dGrohtein fun den Schieter an Liischter jaitzen förmlech...an as am Endeffekt daat waat mech steiert...(dFoto as ingesammt GRO)
mengn daat ganzt manuell zesummenzesetzen sou dass dMier an den Himmel hier Faarwen behaal hetten, geiff mer besser gefaalen....sou as mer den HDR ze offensichtlech
mee...kann sin dass daat nemmen eng affaire de gout as....
Am Prinzip hues de Recht... ech hun "eingermoossen diskret" geschriwen, well ma hei scho vill méi wüst HDR oder DRI Effekter gesin hun...
Bei der hei Foto wär ët duergaangen, eng ausgeglachen Beliichtung viirausgesaat, së mat highlights/shadows ze optimiséieren...
P.S. däi neien avatar ass zwar nët iwel, passt awer mengen ech emol nët sou richtesch bei däin username...
hmm hun mech grad gefroot op nik een einfachen Bletz op den Baam och duergaang wier, du schengs ma zimlech no bia gewiecht ze sin an mat den richtechen Astellungen wier daat vlait dei einfachsten Leisung gewiecht...
njah Avatar huet fir mech naischt mam Usernumm ze din den jo och naischt mat mengem Numm zedin huet asw...alles mei oder manner flexibl
Yaman... ë bëssi méi Flexibilitéit géif mer heiando nick schueden...
Ech hun zwar e Blëtz, benotzen en allerdëngs kaum, sou dass en e gerousamt Liëwen an engem Eck verbrëngt... euhhh, keen do den ë neiwertegen Pentax AF 540 FZG brauch?
ech sin iwwerzegt dass de hei e superresultat kanns kréien matt der richteger bearbëchtung, misst méiglëch sin dat grot rauszekréien...ouni zevill opwand
ok, also déi meescht maan den fehler dass se probéiren eng färdeg foto mam photomatix ze mixen. am prinzip funktionéiert et sou, dass een den photomatix benotzt well een muss en tonemapping maan. dat heescht du hëlls eng astellung déi ganz no un der standards-astellung ass, déi gesait dann superflaach aus, do fehlt un allem. dat eenzegt wat wichteg ass, et dierfen keng halos dan sin oder wéi dass den himmel tëschend den äscht méi hell ass wéi lënks, dat muss also glaichméisseg sin. dann hëlls de deng getonemapped versioun an den ps an schaffs matt levels, curves oder soss tricken, eben wéi ëmmer an brëngs deng kontrasten gezielt zrëck. meechtens muss een och nach e bëssen desaturéiren, dat wärs de rausfannen, dat wichtegst bleiwt main 1. punkt.
bei dëser foto wier et awer wuméiglëch och interessant dëm photomatix seng fusion funktioun auszeprobéiren déi bei daag dacks besser resultater brëngt wéi en hdr.
sin mol gespaant
nach eng kéi wichtëg ass een "glaichméisseg" getonemapped den fichier, den normalerwis nach ganz flaach/kontrastaarm ass wanns de iwwer den wee vum hdr fiers.
nach eppes, am tonemapping-modul gesaiss de dacks aaner saachen wéi an denger ofgesavter versioun, dat ass eng mack vun denen programmen, il faut vivre avec, an wann et nët gefällt, nei tonemappen...
Merci villmols dass der d'Méih gemaach hues mer ze äntweren... also eng Ausgangsbasis wir jo dann d'photomatix Astellungen ob default ze lossen, oder baal... wärt mol an der Richtung experimentéieren...