Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

White Rocks Bay

 
White Rocks Bay
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.08.2009
  • Gekuckt:
    29835
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1508x600
  • Späicherplaz:
    322 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=38861]
Kommentar vum Fotograf:
3 Bild Fraihandpano.
Et huet vill gereent den Daag dofir si keng Leit um Strand.
pixelfern 26.08.2009 - 00:05
Tip top
rom 26.08.2009 - 08:28
Flott!
Deng Fotoen hun ëmer sou en herrleche Kontrast, an awer trotzdem mat villen Growärter. Gët et do e speziellen Trick? Oder einfach nëmmen probéieren bis et engem gefällt?
No_Saint 26.08.2009 - 23:26
Ech hu kee speziellen Trick.
Ech wandele meng Biller meechtens mam Kanalmixer a SW, a fueren da matt Kontrastmasken fir déi verschidde Beraicher vum Bild virun, an dësem Fall eng fir den Himmel, eng fir d'Waasser, eng fir de Strand, an eng fir d'Fielsen.
Fréier an der Duka huet een daat Splitgrading genannnt, verbonne matt oofhaalen a noobeliichten, just datt de PS daat wesentlëch vereinfacht huet an och méi reproduzéierbar mëcht.
Bei esou engem Bild sëtzen Ech dann jenodem eng hallef bis eng Stonn.
Mee daat mëcht mer Spaass, an zum Schluss hues de ëmmer déi Satisfaktioun vum Voher-Nachher-effekt.
Eng kleng Übung wou Ech heiansdo och maachen, ass datt Ech mer d'Biller vu gudde SW-fotografen ukucken, a mer probéieren hiert Ausgansbild firzestellen, fir da gedanklëch hier Bildbeaarbëchtung nozevollzéien.
rom 27.08.2009 - 09:57
Merci fir deng ausféierlech Erklärungen.

Am verschaffen hun ech och nach vill ze léieren. Muss mech mol als éischt an den PS eraschaffen...
Fannen d'Zäit dofir awer nët sou richteg unhappy
marischen 26.08.2009 - 08:42
Flotten Bildopbau smile Iergend"eppes" ugespultenes hei fier um Strand (e Mensch, eng Fläschepost, wat wees echcool) wier bestemmt och net schlecht gewiecht. Mee egal, gefällt mer ganz gudd.
marker 26.08.2009 - 15:16
Wâat eng Chance... keng Leit um Strand closed_eye
Dâat ass genau déi diffus Liichtstëmmung déi bei Naturpnahmen am s/w gudd eriwwer kennt.
TOP Bild am s/w, ouni Ps-Gefummels an herrlech Tounwerter
Gefällt mir exzellent
Jeanny 26.08.2009 - 16:50
eng herrlech SW Foto
dr_kim_veis 26.08.2009 - 22:48
wow!
No_Saint 26.08.2009 - 23:25
Merci fir är Kommentaren.
Mochel 03.09.2009 - 10:37
ma dann kanns de jo vun Chance schwetzen dat et gereent huet well stell der elo do emol tonnen leit drop vir. Ech mengen dann häss de dain Fraihandpanorama awer kennten vergiessen. Desweidern waer et zu kenger esou flotter Foto komm. Gefällt mer goud
No_Saint 03.09.2009 - 18:49
Jo, esou haat all Schlechtes och sai Guddes.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 630 Gäscht online