mmm ... ech hat mech net getraut dat ze schreiwen,
gin awer och aus Prinzip ké Komment, wann én selver
net emstand as nemmen eng Silb dernner ze kritzelen
@Maimonides, natierlech war och ech sein Site kucken, an ech hun des Remarque drennergesat dat hien geséit, dat méi ewéi En et gut hécht, wan
eppes ennert e Bild geschriwe get.
Et geht och ouni Titel an ouni Kommentar, mé wan ech selwer ké Wuert zu mengem Bild ze soen hun ...
ok, ech well NET steppelen an och kén Zoff, et as just meng Ménung déi och fir munch anert Bild zielt, an zu déer ech stinn
Wat sollste bei esou engem Bild da schons soen, ausser dass esou eppes an der analoger Zeit och schon do war awer méi Zeit an Usproch geholl huet. TheGimp einfach, ouni Pellen (déi si verbueden)
joh...wei schons gesoot: ouni Kommentar an Unhaltspunkt fun waat genausde do welles haas wees ech wierklech guernik waat ech fun souepps haalen soll!
et as fir mech nik mei wei bessi Gemurks mat Filteren an engem Fotoprogramm, dann na bessi verzerrt an gespaichert....
dResultat as nik mei wei eng Mass fun Faarweschen Pixelen....naischt mei waat Konscht oder soss iergendswei -EPPES- duerstellen guff
Hei wéi ee sech kann iiren. As eng Noopnahm vun enger farwescher Kärz déi ech viru Joren op Cibachrome beliicht hun, an elo d'Archivfoto digitaliséiert an nobearbecht hun dass se dem Original no kennt. Kannst du vergiessen, Photoshop a TheGimp kommen mol net an d'Géigend vun engem héichwärteg könschtlereschen Cibachrome aus der Dunkelkammer. Léit awer zu 90% um Medium selwer, also dem Drock dervun. Déi aner 10% as d'Spannung déi fehlt, wells du d'Resultat eréischt no der Entwecklung geséist. Wann dat an den Arsch geet kann et schéin deier gin. Also Filteren gezielt asetzen fir eben dat Resultat ze kréien wat ee well, och am Photoshop. Muss eng Foto Konscht sin. As net och Technik interessant. Wel esou eng Foto keng Konscht as get et abstrakt, wel et as och keng Foto. Et si Nullen (0) an Eenten (1) déi aneschtes berechent gin. Fir e Fotographie interesséierten Mathematikprofessor as esou eng Foto och keng beruflech Héichleeschtung. Eng Dunkelkammer as haut awer bal net méi dran an den Drock get emmer besser. Muss een halt liewen mat deene neie Saachen haut, och wann et méi einfach a méi belleg as e Grains (Pixel) an d'Foto ze kréien.
Fréier hu mir och alt emol vir d'Beliichtung de Negativ verbrannt fir en Effekt op de Pabeier ze kréien. Analogesch fotografesch gesin war LSD erlabt. Mä Pellen as eppes fir de Spaass a net fir Konscht ze machen. Domat, wéi haut och, hätt ee sech éischter d'Fanger verbrannt oder direkt ganz Dunkelkammer a Brand gestacht
ech gesin just iergendswei nik direkt dVerbindung zwescht dem Feld fun eenten an nullen daatsde eis hei weis an iergendswelchem PABEIER, BELIICHTER, ENTWECKLER oder soss welechen Dunkelkammermethoden!
oder welsde mer z verstoen gin dassde se manuel entweckelt hoss an dFaarwen duerch experimenteiren DOBAI komm sin?
an dem Fall verstin ech dEXIF net....
an dReferenz op dMOTIV...souwisus nik, fun dem as joh naischt mei iwrech....