da scheiden sich die geister...
ech fannen déi dramatik gutt, ech gin dem suraki och recht, d'lokomotive ass einfach ze donkel gin, me dat misst een eigentlëch relativ einfach kënnen verbesseren
@ alleguer! Et ass keen normalen, héichgeziichte s/w, et ass een um Comupter gefilteten Infraroud. Dat explizéiert die wäiss Grieser an di schwarz Sträifen un der Lok an den dramateschen Himmel. Souvill zur Erklärung. Dat ass keng bëlleg Verteidigung méngersäits. Ech akzeptéieren hei d'Meenunge vun iech alleguer, well dat hei ass bewosst sou extrem a provocant gepushed. Dat fréier méi Lametta war, dat ass sonner Zweifel richteg. A well dir all sou léif mat mir wart, gin ech elo hin, an ech bastelen nach 5 verschidde Filtragen heivunner (dat mécht Spaass), an da lueden ech se rop. Gidd mir just e puer Véierelstënnercher Zäit..
Dat ass guer net schwéier. Wanns du Photoshop hues, da géi an den Kanalmixer, an da klicks du "monochrom" un, an detz du d'Regler fir roud a gring op 100 an dee vir blo op -100. An da bass du schon net wäit ewech. Wanns du dat eemol probéiert hues, da kriss du Loscht nach weider un de regler ze experimentéieren.