Hei géife méch awer elo d'Exif interesséieren, souwuel déi vun deser Foto wi och déi vum Focus sénger Foto. Well nämléch den HG ënnerschidléch onscharf as, an ech wéilt wëssen ob dat dem Focus sénger D700 mam FX Sensor ze verdanken as par rapport zum DXSensor vun der D300, oder ob d'Astellunge verschidde sin. ( Villäicht haas du jo och déng D700?) Perséinléch gefällt mir hei de liichte Sepiatoun besser, awer dee mi héiche Kontrast an dee mi detailléierten Hannergronn fannen ech hei manner gudd. Wann ech awer elo kee Verglach maachen, da gefällt mir des Foto hei grad esou gudd wéi den Focus séng.