wow!herrlecht Spill mat den Linnen!dei Meschung aus riischt an geschwongen gefellt mer wierklech gudd!
derbai kommen intressant faarwen an eng gudd Schärft (trotz grousser Blend an relativ laanger Zait!)
gefellt mer wierklech gudd!
Hâat leider kée Stativ dobei, dofir déi grouss Blend fir nach e bessi eng annehmbar Zait eraus ze schloen. Hun der e pur gemach, "aus der Hand" an dât hei as déi schärfst aus der Serie.
Gutt gesin!
ass immens flott vun de Linnen an de Faarwen hiir,
perséinlech hätt ech lénks e bëssen ofgeschnidden, datt den Handlaaf genau an d'Intersektioun eraleeft an ech hätt eventuell e bëssen entzerrt, datt s'och horizontal op alle Linnen an der Setzwoo léich, awer dat ass affaire de goût, schéin dat doten,
Ech hun dâat môl genau esou probéiert wéi's du et gemengt hues, an d'Photo gesait vill méi ausgeglach aus. Nei eroplueden machen ech se awer mengen ech lo net méi, soss gët et dées gudden awer e bessi ze vill.
Merci villmôls Jean-Jos, fir deng Analyse an dain gudden Tip.