Dei fannen ech 10mol besser wei di aner deis de ropgelueden hues ! Dess huet een vill mei intressanten Bildopbau. Hätt just enen an lenks bessen mei Raum gelooss sou dass dat Dengens () do net grad su vill vum Bild anhellt. Soss gefällt se mer gutt.
Cool daat se der gefaellt! Ech haat ennen mei Plaatz gelooss, mee hun dun heiheem gesin daat sech nachen 2t 'Dengens' an den Eck geschmuggelt haat.
Weieng mengs de mat dei aner, Prima (Mol eng Keier wu Latein vier eppes ze gebrachen ass.) oder dei vierdrun?
mir geet en Grashalem, Schnei an eng Vignette (aus dem PS) nik duer fir dass ech dFoto ging gudd fannen...
se as eidel an trotz dem grain an dem s/w sou zimlech ONINTRESSANT.....
geiff son daat mindest waat et na gebraucht hett wier eng Straif Horizont odersou...iergenepps waat dFoto FELLT...
sry
Ech sin frou daat d'Vignette aus dem PS kennt an net emmer do ass.
Oninteressant... eng Foto muss net emmer vollgestoppt sin bis uewenhinner vier interessant ze sin.
do hossde nik onrecht...mee eng eidel Foto as am BESCHTEN Fall eng -abstrakt- foto...oder nach eng Textur...
des allerdings geif ech zumindest weder als daat engt nach als daat anert astufen...
Dat do ass en typischt Beispill vun enger "emotionaler" Foto: entweder et huet een eng Antenne duerfir oder et huet e keng: da funkt et eben net. (Sans jugement de valeur.)
Fir di eng ass se eidel, an di aner fannen Villes dran erem. Si erennert mech, zb, un en tableau vum Roger Bertemes.
Mir gefaellt se super. Ech verstinn awer och ganz gudd wann se aanere Leit guer Neischt seet.
Vanitas plantae / Superbia nixis
Amen, fannen et just schued wan d'Leit sech dan derzou verleeden loossen soueng Foto an der Loft ze zerrappen.
(nixis? Wans de Schnei mengs, daat ass nix, nivis. Wousst ech awer och net, an froen mech wu deen -v- do hierkennt.)
just gepokert mat "nixis" . Am Dictionnaire stoung "nix (f)", mais du war Villes méiglich ! Mei Latein ass schonn laang hier..
Also dann:
"Vanitas plantae / Superbia nivis.
Dëst ass trotzdem e schéinen a philosophischen Résumé vun enger schéiner Foto.
An e reimt suguer, op Latein !
scheint bild, mee ouni dei "kitscheg" vignette ging se mir besser gefaalen. as immens japanesch vun der kompositioun hier.
erennert mech en bessen un d planzenbiller vum kyosai
:S: