hehe kennt mer iergendswei bekannt fier.....;D Coqueclassique
do wou meng no riets kippt kippt deng no lenks an do wou bei mir gring as as et bei dir waiss....hmmm
zimlech gudd festgehaal (ech hun na een steck mei ennen dropgeholl) mee wees na nik op ma den duusteren Himmel am Verglach zum hellen Buedem gefellt...
ps: bei mir waren et emmerhin ronn 55km bis dohinner hehehe
Jo, fir mech war ett bessi méi no.
Mam Kippen war schwéier. Ech hun se op d'Héichheiser ausgeriicht, hun mir mol geduecht do missten se jo baal riicht bauen.
hehe jops!GENAU dnemlcht wier joh o langweilesch geweescht...p
mam Horizont haat ech o den Hick kritt...hun se geriischt an bessi retuscheiert (am Ekk) an dun gemeierkt dass et na emmer nik duergung...hun mech awa um Horizont allgemeng orienteiert...
Ouni Schaiss.. wi ech de moien opgestan sin an dat dobaussen gesin hun, hun ech mer su geduercht : wéi géing dat wuel uewen bei der Coque ausgesin... an tadaaa, kaum sinch doheem, gesin ech hei su eng Foto op PG wéi ech mer et virgestallt hun
Am Summer, wann alles greng as gefällt se mir awer nach besser, dann brauch een keng Händschen fir ze photographéieren, wann een bessi méi lang am gang as.
Ech fannen se och TOP:
d'Architektur vun der Coque gët durch de Schnéi ënnerstrach. Dat ass mol eppës Neies.
Dat Ganzt ërënnert ë bëssen un eng Lithographie.
D'Faarwen si cool ouni kaal ze sin.
Eckig gët een an d'Bild erageféiert (bei di "ronn" Coque), an (vun deenen eckigen Tiirm) ërëm ronn eraus.
Datt se, effektiv, lénks hänkt stéiert mech bei dëser Foto (gelungener Weis) kee Fatz.
Wi gesoot: TOP Foto
Merci fir d'Analyse.
Ett as eng flott Platz fir Photoen ze machen do op der klenger Kopp, och an déi aner Richtung huet een eng gudd Vue. Mee d'Architektur an d'Form vun der Coque lueden natiirlëch zum Bléck an déi Richtung an.