D'Orishas de 14.10.2008 am Atelier!
Ass wierklech eng flott Band, déi sech op Concerten excellent ze verkaafe wees!
Ech wéisst gär waat dir vun dëser Foto haalt... a wéi ëmmer -> Link fir méi!
Meeschtens loossen ech en och am Rucksak.
Mee hei haat ech d'Chance de ganze Concert dierfen ze fotograféiren an do war ech de Fisheye schnell sichen, wéi ech gesin hun dass se méi op de Publikum zougaang sin!
éoustoufflante et surtout très dynamique,
j'aime bien tes photos de concert; il y en a plein sur ton site qui donnent la chair de poule ou qui électrifient si tu préfères...
apsolut TOP asaatz fum Fish+Perspektiv!!!rockZZ!
wansch epps ze mekkren giff sichen geiff ech soen dass eng mei kuerz Beliichtungzekt secher gudd gewiescht wier meeee mengn grad bei sou szenen kann een sech dLuuscht nik wierklech raussichen...
haat bis gescht na niks fun dä grupp heiren an mengn ech muss ma mol een Bild fun dä Musik man...hmmm mengsde Johny giff nom Update och SOUNDdateien zoulossen?
Merci Oli!
Mat där e bësse méi langer Beliichtungszäit wollt ech eng gewëssen Bewegungsonschärft vun den Hänn erreechen... mee ech kann déng Meenung no enger méi kuerzer Belichtungszäit awer och gutt novollzéien!