Haha ech verschaffen och grad Fotoen vun engem Feierwierk! Obwuel Fotoen vun Feierwierker jo lo am moment nitt wierklech aktuell sinn xD Majo, du hues ee scheine Moment getraff, denken du haes d'Blend nach bessen zou maeche kennen an dann een Tick manner laang beliichten, uewen ass d'Foto e bessen onschaerf...fir dann eng richteg interessant Foto vun engem Feierwierk ze kreien, kuck dir mol engkeier dem gloda seng Foto vun Nationalfeierdaag un, wou en een richtegen Blickfang mat dragepaakt huet! Mee bon, daat haenkt dann och emmer dervun oof, wou d'Feierwierk ass...
euuuh jo ... an an waat fir engem Land ass Silvester am Juli?
(mee villäicht wor ët am Belgikistan (sic arwa) fir Nationalfeierdaag)
an zur Foto (well ech jo nët nëmmen spamen wëll ):
Jo, ët fehlt een Blickfang wéi den Mika schons soot an och een "Wow-Effekt"
an der Wierklechkeet huet daat Freedefeier do bestëmmt superdoll geglitzert, daat kënnt hei nët esou eriwer, an d'Foto ass dann och villäicht dowéinst e bessi "latt" gin
am schwarzen gesin ech esou Tetris-ähnlech Strukturen (riets uewen)
an ënnen lénks, ass daat den deel vun engem Daach?
den Cadrage, bis op deen ieweschten "Splitter"deel deen fehlt fannen ech ok