Dat do gesäit aus, wi wann d'Schlasshären déi Dällt do kéinten mat Mierwaasser volllafe loosse, wann de Feind kënnt. Mir gefällt di Bewegung am Bild, déi den Dall do dem Aa gët. Vir d'éischt a Richtung Schlass an nees zréck aus dem Bild. Gudde Bildopbau!
Gefällt mir immens gudd. D'Foto get engem eng flott Vue vun Schottland (fir een deen nach nie do war, wéi ech). Cadrage an Bearbeschtung sin hei och ganz gudd gelongen.
Ech war awer well do, an hu Schottland (meestens zu Fouss) richtig gesin. Violett Fielsen, grot Gras an sou schwaarz Wolliken hun ech awer keng gesin.
Schottland ass derwärt fir et fuerwitzig kucken ze goën.
Dat ass eng dramatisch Landschaft, an ech mengen dass de SPAKO e bëesen op den Tube gedréckt huet fir déi Impressioun weider können ze gin.
Als Foto nët schlecht.
Huch... dobei geif ech mengen ass dat leiten nach eng vun deenen mei "dezent" verschaffte Fotoen aus Schottland dei ech bis elo eropgelueden hun
ahjo... an ech sin d'Spako... eng Sie
Ech war lo mol deng Homepéitsch kucken: do sin absolut brillant Fotoën drop. Meng Félicitatiounen.
Bei aanere Fotoën mengen ech misst een nach irgendwou een Hobbit hannert engem Steen erausluusse gesin.
An dass du eng "Sie" bass hun ech och lo bekäpt , ännert awer neischt un der Qualitéit vun denge Fotoën.