Schéin, wirklech ganz schéin.... just waat heescht Däin Nick da lo? Do klemmt meng Fantasie fir mir do eppes zesummen ze reimen waat Sënn ergëtt - also bréng mol e bëssen Luucht a meng nach onerhellten Gehierwindungen w.e.g..
Merci - lo sin ech alt rem méi schlau! Ech haat nach nie eppes vun dem Mensch héiern, awer ech muss och éierlech zougin dass ech esou anti-reliés sin dass ech irgendwann ugefang hun alles waat domat zedin huet zimlech lénks leien ze loosen well et zielt dach alles schlussendlech emmer erem an déiselwecht Richtung vun Haass, Kontroll an Vernichtung vun denen déi aneschters sin, an daat och nach an eiser moderner Zäit.
Waat bast Du da lo, wann dee gudden Maimonides eppes mat Dengem Job zedin huet? Priester - Philosoph - Dokter - oder Astronom ?
Hmmm.... eng super schéin gemaate Foto an eng gudd Diskussioun doriwer...jo.... just vill méi schlau waat Dech ugeet, sin ech nach net domadder gin. Ech hun awer d'Gefill dass mir zimlech d'selwecht iwert Reliounen denken. Waat mir un dem Site hei jiderfalls super gefällt as dass déi präsentéiert Fotoen och zum Nodenken bréngen an Diskussiounen provozéieren woubäi et net onbedéngt nemmen emt daat Technescht geet, sondern och emt Emotiounen an d'Geschicht hannert enger Foto.
Dat Technescht, Quaffit,
muss awer och sinn,
mais an där Matière
sinn ech e Banaus,
oder bal.
D' "Emotiounen an d'Geschicht",
wéi's du sees, gehéieren och derzou.
Do sinn mir eis Eens:
de Mix mëscht et.
Ooooch...wiesou Banaus? Et kann een emmer léieren, virausgesaat et as een och bereed dozou. Fir mech gëlt "life long learnig" well d'ganzt Liewen as eng Schoul. Mir wëllen eis dach weiderentwéckelen, oder nët?