Oh Julien! HDR mat Photomatix wëll geléiert sin! ... Et as jo dat, dat Neit, wat's du probéiert hues? Bref! Sou wi hei, gefällt se mir NACH ( dat betounen ech!) net. Dat heescht: d'Rohmaterial, de Cdrage an d'Iddi an dat "Vun ënnenrop" sin excellent, awer d'Farwen, de Kontrast an dee Schäin durch d'Mett an och de Lensflare um Been, dat gefällt mir net, dat as mir ze "schwampech".
Sich nett esou weit Nico,
Hunn een simplem Hochpassfilter driwer geluet an dunn nach e beschen oofgedonkelt.
Wousst effektiv nett opp ett gudd oder schlecht ass,
gefällt mer an och nett, dofier hunn ech är Meenungen gesicht.
Ouni Filter fannen ech se gudd, woart, setzen se eropp
also wann ech eng foto verschaffen an se gesäit herno anecht aus wéi den original as dat gudd. se kann herno besser oder méi schlecht ausgesin, dat as dann eben emmer point de vue.. mee an dësem fall as et net schéin AN emplus absolut onnatiirlech.. ech froe mech z.b. virwat dem kiko an dem annemieke déng been esou GRO(?) sin? wéi wanns de opgehellt häss, mee an de schieter oder sou .. dee "fehler" kann z.b. renderem den daach uewen an dem kiko säi kapp jeno filtrage normal(trotzdem net schéin) sin. mee bei de been woars de dach selwer iergendwéi drun, oder?
Du kanns déng Tools jo probéieren an dann denge gudde Frënn a Vertrauten dat op hir perséinlch e-mail Adress schécke, fir een Urteel ze kréien. Da behälls du déng uploads fräi fir gudd Saachen. , an et kritt net di gnz Welt mat (wann se lëtzebuergesch verstin), wat een di sou schreift...
A ganz éierléch, Julien: mengs du wiirkléch et misst een all di Filteren am PS uwenden?
't as interessant wéi den Nico direkt op HDR respektiv Tonemapping getippt huet, ech hun och als éischt dorun geduecht. Mee un sech mecht den High Pass Filter mat den Settings wéis du se hei gebraucht hues dat wat d'HDR Software zum Schluss mecht: lokal d'Kontraster veränneren.
Un sech as jo näischt drun auszesetzen wann een mat Filteren spillt, dann kritt een en Gefill dofir wat se wéini maachen. Probéier mol dat hei: applizéier den High-Pass Filter op en neien Layer an setz den Blend Mode vun deem Layer op Multiply.