Nuje. Ech fannen den Choix vun Filteren net immens märchenhaft. Probéier mol dat hei: Maach däin Blur (Lens Blur amplatz Gaussian Blur, wanns de deen zur Verfügung hues) op engem separaten Layer, an setz den Blend Mode op Screen oder Lighten. Dann maskéiers de den Layer wéis de et hei och gemach hues. Fir den Himmel, maach en blo-orange Gradient, deen just iwwert dem Horizont ufänkt an bis erop verleeft. Dann och nees maskéieren fir dass en d'Schlass an d'Beem net iwwerdeckt. Den Iwwergang misst dann méi natierlech wierken (och an der Märchenwelt) wéi een Layer aus enger eenzeger Faarw bei deem d'Opacity no ënnen ofhëllt.
Ech taschten mech emol lues am PS un di Filter- an Layergeschichten erun. Dofir soen ech der en dëcke Merci fir deng konstruktiv Kritik (ech hun gehofft dats de der Zäit kanns huelen fir meng Approsch mol eng Kéier méi genee ennert d'Lupp ze huelen) "natierlech wierken ... och an der Märchenwelt ... déi ass natierlech gudd
CHEERS
MUZ
hullah!*brell botz* hmmm....*naenka brellbotz* HMMM....
wierkt iergendswi sou onscharf fun menger positioun hai aus.........XD
den gielen himmel gefellt mer awa....
mengn wansde ma ennen dGras weschschmaiss an den Blur sinleiss...oder eng krimmel oofschwächs sou...dan heesde zumindest MIR et Recht gemeet....LooL pp
ehm soit...dFaarwen an dMotiv hun epps mee dVerarbeschtung as MIR lo mol net sou uspriechend.....;o)
*naenka brellbotz* hrhrhrhr ... rofl ... wéi eng Positioun ass dann deng Positioun? Merci ... och un dech ... fir deng kritesch Approsch. Do hu mer jo nach Brout am Uewen.
CHEERS
MUZ
meng positioun war: riicht frum TFT, lenks derfun, fun ennen gekukt,dun mol op den anren Schierm gezunn...mee...iergendswei...huet emmer dnemlecht ausgesin (luch also net un der DioptrienAstellung fun mengem Bildschirm XD XD )
(sou epps misst een na hun! )
hehe...vlait gesin ma joh na enka eent fun den Bréiderscher...
Maja ... mee ech hätt do nach esouuuuuu vill Material ze verschaffen ... jeee ... maachen dat mol viir ... an dann maachen ech jo och alt mol nach gären eng Kéier di eng oder di aaner Foto, ne du ... ma da gi mer mol a Positioun
CHEERS
MUZ