Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hooligan

 
Hooligan
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.11.2007
  • Gekuckt:
    40542
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/50
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    668x1000
  • Späicherplaz:
    231 KB
  • Originaldatum:
    ..04.11.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=23593]
Kommentar vum Fotograf:
...
gloda 15.11.2007 - 23:26
Ech hoffen jo du wëlls net soen "Fan vun Liverpool = Hooligan"?
gloda 16.11.2007 - 00:24
Du hues mer dat jo lo iwwer PM affirméiert, ech fannen awer dass dat Thema bei der Foto selwer diskutéiert kann gin.
Den Lien tëschent Liverpool Supporter an Hooligan esou duerch Verbindung vun Titel an Beschreiwung opzestellen as eng grave Iwwergeneraliséierung. Du geheits domadd eng ganz Rëtsch vun Leit, dausenden géif ech emol schätzen, an een Dëtonguepen.
Wat den Jos schon erwähnt huet, wann däin Model sech net ausdrécklech domad averstanen erklärt huet als Hooligan duergestalt ze gin kéins du als Fotograf Problemer kréien. Den Model Release deen ech fir méng Shootingen gemaach hun schützt d'Modelen bis op e gewëssenen Punkt géint "defamatory or libelous purpose", d.h. eppes wat dem Model sénger Rétongueutatioun grave schueden kann. Lo weess ech natierlech net wat dir zwee ënnerteneen ausgemaach hudd.
D'Foto un sech huet allerdéngs näischt wat "Hooligan" ze soen schéngt. Wéisou hues de grad dorun geduecht bei der hei Foto?
toto 16.11.2007 - 15:57
ech hun dem model selwer den kommentar an den titel auswiehlen gelos
toto 16.11.2007 - 15:58
ech sin ManU fan an sin keen Hooligan also nee dat heecht net "Fan vun Liverpool = Hooligan"
Jos 15.11.2007 - 23:33
Et schengt mer jo klo'er, dass Du den Liverpool FC (The Reds) mengs, an net den den FC Everton, deen och aus der Staad um Mersey River ass? Dain Titel ass décidément voll dernieft! Ok, den 29. Mai 1985 hues du wahrscheinlech nach an d'Lompen gek... Mee sorry, wei ass et dann mat der "Présomption d'innocence" ?

Den Titel "Fan" wier besser gewiescht. Net jiddereen, deen Supporter vum Verain op der Anfield Road ass, gelt domatt och d'office als Hooligan!! An wei ass et matt PSG, RC Lens, Milan, Lazio, Barca, Besiktas, Dynamo Dresden??

By the way, deen Kärel do ass jo vlaicht een Supporter vum FC Hannerschassuewermuppech, ech gesin keen Emblème vun den Reds.

Vum Recht um eegenen Bild (Signed model release...) well ech elo hei guer net schwetzen.

Hooliganism
MarcGerard 16.11.2007 - 00:38

hooligan ze soe fannen ech schon ok... huet nèaischt mat liverpool ze din, mee et weist dasse mer dacks alles an een tirang leen ouni secher ze sin ob et esou as.. vun do hier fannen ech et grad intressant . et as deemno ee provokativen titel.
bon..

zur foto: ech weess net ob et express woar, mee de lichtpunkt an den aae feelt! wann et express woar: dat woar ee fehler.. net ALL reflexiounn muss een ewech man smile dee liichtpunkt as total wichteg ...
Vince 16.11.2007 - 08:33
Wann ech dat richteg gesin as deen Personage op daer do Foto an deen heiten http://www.photogen.lu/up_fotos/29678.jpg een an deen selwechten?? Do gesait en net wirklech wéi en Hooligan aus oder? Huel w.e.g. deen Titel ewech oder zumindest den Kommentar: "fan fun liverpool" fannen et schrecklech détonguelacéiert sorry!
toto 16.11.2007 - 16:16
bon weins der opregung hei hun ech den kommentar geännert. Marc seet ass den titel provokant.
annemie 16.11.2007 - 16:34
Hmm. Iergendeppes wierkt fir mech beim Gesiit onnatierlech: Bei den Hoer (virun allem uewen bei der Stiir) ass su en komeschen Rand ronderem... An d'Aen gesin iergendwei su "eidel" äus. Ech wees net wisou.

Bon, dain Titel "verstärkt" amfong d'Schachteldenken, mee dee'es bass de der bestemt bewosst an ass jo dann dain Choix.
n0brein 16.11.2007 - 19:52
ey wisou hueste fan vun liverpool weggemaa?
wanns de der meenung bass datt et passt dann looss etsmile
loss der dach net ranschwetzen weis de waat soe wells
gloda 17.11.2007 - 00:35
Wann dat wat en seet aneren Leit en Verhalensmuster virschreiwt, dach. D'Sprechfräiheet hält do op wou dem nächsten séng Fräiheet ufänkt.
n0brein 17.11.2007 - 02:14
also wann heen ee liverpooler hooligan wollt duerstellen dann soll en daat maachen

an dovun oofgesin wisou reegen sech leit iwwer su klengegkeeten op? Ech maachen mer zwar emmer ee grousse spaas draus mee am prinzip ass et dach schaiss egal nee?
toto 17.11.2007 - 02:05
ma weil ech well das meing foto kommenteiert geet an net den text
n0brein 17.11.2007 - 02:13
jo mee mat dengem text beschreiwste an komenteierste deng photo, daat ass eppes ganz wichteges...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 484 Gäscht online