Probéier mol den Weissoofgleich ze machen. Ennert dem Buedem huet een jo nie neutralt Liicht. Wanns du hei daat gielt vun der Luucht eraus hues, dann geseit se bestemmt nach e gudd steck besser aus. De Beton bei der Puart misst jo gro sin an net giel bis orange. Soss fannen ech d'Photo awer ganz flott. Schaffs du mat RAW?
nee huelen einfach fine dann kreien ech der mei gemaat an kann se mei einfach um pc kucken. mais weieen weissoofgleich schleis de maer dann vir hunn biss elo emmer automatik geholl
Ech gief der virschloen eng méi deck Memorykaart ze kaafen an mat RAW ze fotograféieren. Dann kanns du och vill méi aus dengen Fotoen eraushuelen. Daat kann ganz hellefreich sin wann een an sou extremen Konditiounen Fotoen mecht. Den Weissoofgleich kanns du am Photoshop (oder enger aaneren Bearbeschtungssoftware vun Nikon z.B.) nodréiglech maachen.