Den Droot stéiert mech hei zevill - virwaat hues du Blend 13 geholl ? Mat enger Oppeblend häss du dach den Droot vill bësser "wech" kritt....oder sollt deen absichtlech esou präsent sin ?
Ech krut di Remark schons op aanerer PLaatz ... also ass eppes drun. Et woar am Fong meng Absicht mam Droot ze spillen an en an den Bildopbau z'intégréieren ... ech verstin awer dat daat net jidderengem gefaalen kann ...
Wat hälls de dann vun der Beuarbechtung am allgemengen? Leien ech do richtungsmässeg gutt?
Anyway, thanks ... merci fir deng konstruktiv Kritik...
Mmmh, schwéier soën, eben duerch den Droot....mee géif mol just nach déi - chromatesch Abberratioun ? - soen mer déi mauve Linn ronderem de Schniewel an verschidde Plommen erausgräifen, déi vläicht nach missten fort.....
Jep, du hues Recht ... dat Mooft stéiert evident.
1/30 bei 300mm --> Fräihand? Nix Da ... haat eng Stäip (Sin en Statifmuffel)
Merci nach eng Kéier.
I appreciate.