T'deet mer Leed, mee hei ass villes verbesserungsfäheg - mir gefällt déi hei nët.
zB.: Schärft vum Gras, ausgebrannten Himmel, Méiwen wierken ewéi Flécken, Bildopbau ass zimlech onroueg, duerch déi Diagonalen an verschidde Richtungen, Horizont fir mäi Goût zevill zentral.....
Nja beim Bildopbau kann ech dir net zoustemmen, mein Bléck gett vun lenks (vum Hiwel an Graass) roofgeleed op d'Gebeier, wou et dann weider op d'Mier zougeet ... (Horizont ass dach baal am Gellen Schnatt !)
Dann ass nach do Stemmung an der Foto, duech dei Orange-Brong Tein gett dat ganzt eng mega Atmosphäre ...
Sry Galileo ech kucken net sou op d'Schärft, mech intresseiert wat d'Foto mir seet an dann gesin ech op den Fotograf sech bessen eppes dobei geduescht huet ...
Hoffen dass de dat lo net beis verstees well et ass "nemmen" meng Vue (:
(sry dass ech dat dabei schreiwen mee haat well oft genuch Buttik hei mat Leit dei direkt beleidegt gin wann een hinnen kontert )
Merci Neckel fir deng 10 och wanns de dech anscheinend geiirt solls hun nom galileo. Mee egal wei ech krut mol vun engem eng 10 an daat fannen ech gudd.
Ech hun zwar net souvill Ahnung wei den Galileo mee ech waert se sou loossen well se mir net schlecht gefaellt an dei Moewen dei do steieren waren zu deem Moment do an dofir bleiwen se och op der Photo well se ass fir mech eng Erennerung. Probeieren dann bei naechsten Photoen dem Galileo seng Tipps ze verwierklechen.
Du hues deng Foto jo ropgelueden fir Meenungen gewuer ze gin - an hei haat ech Loscht fir meng Meenong derbäi ze schréiwen
Op's du oder ech méi Ahnung hues, wé'is du dat schréiws, wees ech nët an dat ass och nët wichteg.
Ech soot och nët d'Méiwen sollten fortgestëmpelt gin (dat machen ech och nët), mee datt se fir mech hei an dësem Fall nët richteg flott wierken (wëll se esou kleng sin).
Keen problem du kanns jo hei schreiwen waats de wells an och waats de net gudd fenns, an ech hun jo geschriwwen daess waert probeieren mech un denger kritik ze orienteieren fir dei next photoen. An wann se dir net gefaellt majo dann kanns du daat roueg schreiwen. Ech probeieren daat postivt eraus ze zeihen an besser ze gin.