Vun de Fuarwen an der Bildkalitéit fannen ech des besser, an d'pose kéint eppes teschent deenen 2 sin... hei läit et mer bessen ze verkrampft an di aaner ass hat méi héig wi heen, waat net passt fannen ech.
D'Iddi ass super, mee do ass nach méi eräuszehulen
Dess gefällt mir besser wéi déi éischt. Bei deenen 2 Fotoen kann ech mech net ganz mat der Hautfarw ufrennen. Déi ass iergendwéi blatzeg. Ass dat gewollt oder war nees wéi sou oft an der läscht keng Sonn? Coolen Auto!
Ech fir main Deel fannen schonn vill besser ) Mee ech ginn dem (K)Lex mam "verkrampft" aawer recht.
Sie wierkt aawer schonn vill manner "komesch" wei di eischt
p.s.: tjo...dann haat den Bouf weinstens och eppes dervunn wann sai Papp mengt e MISST Fotoen maan
Tipps w.e.g. per PM schreiwen oder an de Forum Mee hei helelft et souwisou näicht well wei lo scho bal jidferee wees ginn et nom Update keng Topfotoen méi ...
ech hun him gesoot hien misst daat lénkst Been ganz no lénks maache, as nähmlech en automatik. (An hien as richteg gefuer, ech hun den Motion Blur gebraucht ouni den PS ze benozen.
Erennert mech elo un daat Meedchen vun 11 Joer... Wann ech main Fouss opt Oflaag leen hänkt d'Been net vum Sëtz erof. Een deen net wees dass et Absichtlech esou lait kéint daat ganzt emol als Montage betruechten.
Do hätt ech gären en Making Of gesinn, et war bestemmt ganz schéin engk um Beifahrersetz gin *grins*
Haha, jo daat kennen ech vu mengem (méi jonken) Brudder... gudd dass ech ugeschnallt war, mais daat konnts du jo wuel net *grins* Dann ass daat heien jo schon baal eng Actionfoto hehe
"hien as richteg gefuer", a wat seet d'Versécherung dann dozou *grins*
de Jong wierkt ober-cool a nët nëmme séng passend Requisiten (Auer virun allem, Sonnebrëll a Cravatte) droen dozou bei...
immens Kreativtivitéit an dénger ganz Draam- an Alpdraam-Serie