Super Foto gefällt mer gudd
an wirklech genial faarwen
Daat eenzescht waat mer opgefall ass do an der mett um bord vun der Streirull do ass den Rand e bessen komesch kennt warscheinlesch duerch verschaffung
Merci ... jo dee Rand kennt zimlech secher vum verschaffen an ech sin einfach net sou gudd dat ech dee wegkreien... avis aux amateurs wee mir hellefe kann ka mer jo bescheed soen )
Wann ee sou vill Kontrast dra mecht dann entsinn einfach di Straïfen, dee brengt di Ränner nach mi raûs ... giff ech mol mengen. Nichtsdestotrotz ... :o) ... eng gelongen Opnahm.
Erstaunlech dat een zu Esch kann esou 'natiirlech' Fotoen maachen. Perspektiv an Beliichtung sin ganz gutt. Ech denken awer, an dat ass elo meng ganz perséinlech Approach, dats de mat anescht croppen méi Dynamik an deng Prise kriss. Déi Butte ass mär ZE VILL präsent, se wiirkt erdrëckend par rapport zur Gesamtopnahm, et kéint sin dat e bessi ewech schneiden do eppes brengt. Mee wi gesot THAT'S ME.
Sou! Lo huelen ech mer awer och mol Zäit, fir hei eppes ze schreiwen. Ech gesin, du hues déng nei Acquisitioun schons direkt "richteg" agesaat. Dat versprécht fir dat, wat nach komme wärt. An et as net nëmmen de Point de vue, dee méch un deser Foto faszinéiert. Och d'Farwe sin einfach genial durch den DRI. Besonnesch di Goldronnball huet mer et ugedoen. Och wann se net perfekt as, a verschidde Verarbéchtungsfehler dra sin, fir méch as di Foto do eng Topfoto, well se einfacheng Stëmmung riwwerbréngt, déi méch nach méi bewegt, wéi méng Strahlenfoto.
ech fannen se net schlecht ... gudd perspektive ass gewielt ... dri ass eng saach mat daer ech mech schweier kann unfrennen ... daat huet mei mat digital art wei mat fotographie ze din ... photoshop ass genial ... awer ech fannen dass doduerch och d photoen un authenziteit verleiren.
Den resultat hei leisst sech awer gudd ukucken, schein stemmung ... merde ech sin nostalgesch haut ... back to the roots