Extras: E Stativ, den 19ten vill Schwees, Peng awer och vill Spaas.
Fir anzesetzen: [pg_img=18401]
Kommentar vum Fotograf:
E Marathon sin 25km pure Spaas, 7km normalt lafen, 10km Auaaaaa, wou bei ett ëmmer méi an op ëmmer neien Platzen wéi deet...
An dann, wann een duer Ziel leeft en Glécksgefill waat een net beschreiwen kann.
After 10k 650. 3094 LORANG Christian 31 LUX P & T 0:52:04 0:05:12 61 H30
After 21k 610. 3094 LORANG Christian 31 LUX P & T 1:49:13 0:05:10 63 H30
After 28k 646. 3094 LORANG Christian 31 LUX P & T 2:28:17 0:05:17 67 H30
At the Finish 728. 3094 LORANG Christian 31 LUX P & T 3:58:11 0:05:38 69 H30
Chip Time 747. 3094 LORANG Christian 31 LUX P & T 3:56:46 0:05:36 70 H30
Ech haat mir eigendlëch méi erwaard an och op méi hin trainéiert, mee leider haat ech 14 Deeg virdrun Probleemer mam Fous krit. An wéi ett dunn no +-28km ungefang huet, hun ech missen (an wëllen) méi lues machen.
Eppes hun ech beim lafen geléiert, wann eppes wéi deet leiwer direkt en Gang zeréck schalten, well wann een ett forcéiert kënnt ett dono dreifach ërem.
déi ass originell [kann och nët jidderee bréngen ]
däi Kommentar: jo dat kann een esou gesin! an dann hues de nach nët geschwaat vun denen 3 Méint virum Laaf
Déi Zeit virum Laf sin flott, just déi 10 läscht Wochen, wann déi lang Leef vun jeweils dréi Stonnen um Programm stinn, as de Weekend sou gudd wéi galaf, dann leeft dir Zeit nëmmen sou weg an du kanns quasi néischt anëscht méi machen.
Hei Christian,
hoffen just dass ech dech iergendwou opp engem Bild hunn, woar daat Nummer 2094, dann kucken ech emol nach eng Keier bei deenen matt den gringen Shirten.
Awer allen Respekt, Stung opp der Arrivée, 3m hannert dem Teppech, muss den Hut oofdooen fierun jidderengem deen duerchgelaaf ass, um Hallef- oder Full Marathon....
Allen Respekt un IECH all, eng fantastesch Leeschtung
Ech mengen dëst Joer war ett och méi wéi, ob jidden Fall sin mir déi 42,2km méi wéit wéi d'läscht Joer firkomm
Wanns du eng Photo fënns, kanns du mir se jo dann mailen. Schon mol am Viraus Merci gesot. Meng Nummer war 3094.