Ausser dat en sympathesch a léiw woar an dech dann do och nach erop geloos huet ... hues de dem gudden Mann jo awer och nach een ausdrocksstuarken Portrait gestallt ... ech géiw em di Foto schécken ... du hues der jo bestemmt seng Mailadress opgeschriwen, wéi dat esou üblech ass an esou Situatiounen.
Fierwaat sees de emmer Herr Zimmer zu mier??
1) klengt daat ziemlech wei dei aner Sait funn der Musel
2) fillen ech mech dann richteg aal
3) Kennen d'Leit Herr zu mer soen wann ech mein Dramalter erecht hunn >> 96 Joer
Ech sinn an bleiwen den JuZi oder den Julien
Merci Muz,
Ech hunn eng ganz Série fum Mann gemaach. Deen Daag woer hei zu Hagondange Cavalcade, an dausenden Leit. Effektiv beim Mann opp der Mauer souts ech richteg gudd.
Een ganzen feinen Mann, an ech hunn himm d'Fotoen versprach, ginn elo eng Keier laanscht.
Flott deen Porträit do; och de Sepia passt hei wonnerbar! Et muss vill Kaméidi gewiercht sin op der Cavalcade; de Bopi huet sech missen Watt an d' Oueren machen. Ech hun emmer gemeng et giff een wat een méi aal get souwisou baal näicht méi héieren.
Du wärts dech freckt laachen. Ech haat Oueren och wei. Verdroen deen Kameidi och nett mei.
Hunn Drummer funn den Escher Majoretten geknippst, an dei haaten all Stepp an den Oueren.