Dës Foto hunn ech am Haaptgebäi vun der Spuerkees (Gare) geholl. Et huet mer gefall, well een den éischten Ablack net weess ob et gespigelt ass oder symetresch.
Dën Olivier ass awer scho schéi streng hei bei denger éischter Foto.
Ech fannen dass'te déi Symetrie scho gudd an d'Aa gefaast hues.
Just, eng Symetrie erkennen an se och symetresch mamm Fotoapparat festzehaalen sinn zwee verschidde puer Schong, an dofir hues'te dëch jo hei ugemellt, fier deng Fotoen ze weisen a am Austausch matt aaneren an dengem Hobby virunzekommen.
An dem Sënn wëllkomm op Photogen a weis eis deng Biller.
Lol. Stëmmt, stëmmt. Wosst net sou richteg wéi een Titel ech wiele sollt, hunn dunn einfach dat scheinbar offensichtlechst geholl. Huelen deng Kritik zu Häerzen, probéieren se rit ze zéien.
Also... fir eng éischt Foto hei bei eis op PG ass dat jo lo mol awer ganz interessant. Ech huelen un dats de op bass fir Verbesserungsviirschléi an dann ass et iergendwéi schon richteg wat den Olivier der do viirschléit, och wann en dat an senger esou iwerschwenglecher Sturm und Drang-manéier mecht.
D´Motiv gefällt mer awer ganz gutt
Yes, Verbesserungsviirschléi sinn absolut wëllkomm, och bei zukünftege Fotoen. Ech wëll mech nämlech verbesseren a Kritik wäert dee beschte Wee sinn, niewend der Praxis.
Se deet net ëmmer gudd, mä se ass jo net béis gemengt.
A merci fir d'Kompliment!