ech hun do nemmen eng Foto gemach an d'Waasser mat rou geloos,
daat wat's de do esou cool blo gesais ass den Eisbierg enner Waasser. 8/9 vum Eisbierg ass enner Waasser.
Ech wor lo an Island op Jokulsarlon Eisbierger kucken an wor net scheint Wierder...mier kruuten dunn erklärt dass d eisbierger awer graad sou blo sin wann Wierder gro ass...wann Sonn schengt, geseit een och op postkaarten, gesinn se all weiss aus...
Déi ass erëm eng immens schéin Foto ... an TOP-Tip-räif
ët gesäit een och ganz gutt daat waat's du an d'Aleysha ons erklären ... doduerch dass ët schlecht Wierder ass (gesäit een un der donkler Faarw vum Mier an vum Horizont) kënnt deen türquoisen Halo ronderëm den Eisbierg iwerhaapt zum Viirschäin ...
Ech erkennen just 5 Pinguinen ?
P.S.: ech widerhuelen mech, mee dëss Userin huet nach vill aaner schéin Fotoen op Lager ... gitt emol hei laanscht kucken!!
www.flickr.com/photos/wistiti
Hmmm... war ursprünglech dovun ausgaangen et wier eng Photomontage... seier driwergeclicked, dun hun ech d'Kommentarer gelies... an elo staunen ech just! daat muss eeng gesinn hun! mei wei beandrockend.!
Hat mol eng Kéier e Kommentar heihigeschriwen... wou as deen dann hikomm?? Fier mech as déi do einfach nemme genial, Farwen, mee och Bildopbau si Super, richteg Cadréiert... Dofier hat ech se och als Topfoto firgeschloen, mee bon... die Hüter des Grals hun et aanescht gesin!! Wann ech awer dem moustique seng Fotoen op Flickr kucke gin, dann huet hat nach vill Fotoen, déi hei an d'Topphotoe gehéieren, dofir waert d'moustique deen negativen Avis vun der Jury och net "ikken" Super Fotografin! All Respekt!!