Merci fir deing noricht huet mech echt gefreet, ech wollt froen op en mol net zesumen foten machen könne goen vun Landschafft usw kans dech hei iwert pn mellen merci Daniel.
Zalü Dan,
du muss mech entschëllegen, wann ech där esou spéit äentwerten. Déi comment hängt ënnen drun an doduerch hun ech se haut ereicht gesinn (sorry). Also ëtt giff mech natierlech fréen eng Kéier zesummen mat där Fotoën ze maan. Momentan hun ech eng kleng Operatioun u menger lénker Hand gemaat kritt, wouduerch ëtt mär onméiglech ass e Fotoapparat an de Grapp ze huelen. Wann alles riicht léft misst ech am Januar erëm fit sinn. Wa mär dann nach e bessi Schnéi hätten, kinnte mär jo eppes zesummen ënnerhuelen!
Salut Carlo!
Dass ech d'Fotoen op dénger Säit super fannen hun ech dir jo schon gesoot!
Sin och gespaant waat nach vun dir kënnt!
Och vu mir op dëser Plaatz awer emol en härzleche Wëllkomm hei op Photogen!
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.