Idee fannen ech interessant. D'Beliichtung an d'Qualitéit vun de Fotoen ass usech ganz gutt, mee de Cadrage fannen ech bei de Fotoen 2-4 relativ schlecht. Bei der Foto 1 a Foto 5 ass en ok.
Bei de Fotoen 2-4 gesäit et aus wéi wanns de onbedengt de Kapp an der Mëtt vun der Foto wollst hun an dat gesäit net gutt aus an d'Model, wéi och den Auto, ass doduerch ganz komesch geschnidden.
Däi Witwicky stéiert bessen am Hannergrond bzw. seng Pose passt net zum recht vun der Foto.
Ech muss awer soen, e richteg schéint Model has de do!
Merci fir deng éierlech Kritik. Een Problem mam Cadrage ? Ech gesin just d'Schwester vun Megan ... Ma dat war meng grouss Schwieregkeet, den Auto an d'Model richteg an Scene ze setzen, an hun mer dat méi einfah firgestallt ass et schluss endlech gin ass ... et lung mengen ech un der kuerzer Zait déi ech haat oder och net ... Ech sen just net ganz d'accord, well fir mech ass awer d'foto 2 net sou schlecht gin am cadrage, just déi aner zwee kéinten besser sen ; )
Mä mat dengem leschten Satz sen ech vollkommen averstannen : )
ROFL
op där eischter hunn ech mech gefroot wien dain Model ass...bei där 2. ass et mer nees agefall...an bei där läschter, hunn ech mech definitiv weschgeworf vun laachen!
(Fotograf, Model, den Zuschauer, an virunallem den AUTO - sinn all aus dem Noopechduerf/Koleegen)
wosst naischt vum Projet, mee ass lustösch dei Lait sou ze gesinn, dJill ass absoluten Megan Fox Kandidat, daat steet fest...
Das Auto --- Mein Traumwagen
Das Mode l-- ein Traummodel
Die Fotos --- Absolut schick !! (Wenn ich sie auch nicht mit dem Film in Verbindung bringen kann)
Gruss Otto