Ech mengen de Fisschen wees ganz genau dass en der vun de Schwanen e puer hannert d'Oueren geif kreien an hält dofir Distance zu hinnen. Eng Foto dei en net oft an dem Kader wärt gesin well elo schmelzt d'Eis gleich. Flott.
Merci JC, ech hat am Fong och geduercht ee géif dohinn goen, mais hien wert schon wëssen firwat ën sech eweg gehaalen huet .. effektiv, den Mëtteg woar schon keen Eis méi do ...
Merci Gianni, dach dach ... den traut sech .. hunn der nach ee puer ..villeicht ee bëssen méi no .. mais mat den Schwannen huet mer awer héi besonneg gutt gefall
Lo wollt ech scho soen "An d'Kanner sange geschwënn 'Fuchs du hast den Schwan gestohlen, gib ihn wieder her...'
an dunn hun ech dem JC säi Kommentar gelies an hun nees eppes bäigeléiert.
Ganz flott dat doten, Schluck!
Eng Kombinatioun, déi een net all Dag gesäit: wann ech sou bei mir hei op den Thermometer kucken, da mengen ech, datt dat sou bal och net méi virkënnt. Oder mir gesinn demnächst eng nei Foto vun dir, op der de Fuuss laanscht d'Schwanen schwëmmt.
Dee Fuuss wot sech wirklech op dënnt Äis, schéint de skeptesche Bléck vun dem riets Schwan auszedrécken.