Flott Perspektiv, mee ech fannen dass d'Wäitwénkel Verzerrung net grad schmeichelhaft op d'Guitar wierkt. D'Liicht as cool, du schéngs mat der Techik sou richteg vertraut ze gin, ech gesin dass de schon innerhalb vun engem Bild d'Luucht op verschidden Manéieren benotz. Dat eenzegt wat nach net klappt (an wourun ech och, bal all Kéiers, scheiteren) as den Sujet un sech uniform ze beliichten. Onregelméisseg Luucht kann zwar bei verschiddenen Sujeten, an virun allem Hannergrënn, immens flott sin, mee ech mengen dass se hei éischter oflenkt.
Wanns de net, wéi ech oft, duerch Concours Regelen gebonnen bas, kanns de dat 'perfekt' Bild (also dat, wat dénger Virstellung entsprëcht) eventuell doduerch kréien, dass de am Photoshop déi bescht Deeler aus e puer Fotoen zesummen setz. Ech hun oft d'Gefill bei méngen Fotoen an deem do Styl, dass d'Luucht op der enger Platz zwar immens as, mee op enger anerer Platz en däischteren Fleck iwwreg blouf. D'Luucht as an mengen Aan immens schwéier ze kontrolléieren, well een d'Resultat jo net gesäit. An deem Sënn: Ech zéien mäin Hutt, gutt gemach. Mee et geet nach en Tick besser an ech weess dass de dech do nach wärts drun gin.
Am Fong ass des Foto och nach net sou genee wei ech se wollt hikreien... ech muss waarde bis et nees mei daischter gett an da probeieren ech nach emol... Bei deser Foto haat ech schon 3 Biller am PS "zesummegesaat" fier d'Luucht sou op dei verschidde Plaazen ze kreien... et ass zimlech schweier an engem "take" d'Luucht iwwerall direkt sou hinzekreien ouni parasit Lichtstraaler dranzekreien...dofier hun ech e bessi "gefuddelt".
Vu que dat de Cadrage an der eischter Guitar Foto net sou gudd gefall haat hun ech et hei mol sou prbeiert... eigentlech fannen ech et witzeg dat de Kapp vun der Guitar sou erausstecht an duerch de Waitwenkel nach erfiergestrach gett.. mee dat ass secher affaire de gout... ech weilt gaere sou eng Foto kreien wou richteg Dynamesch eriwwer kennt,,, ech muss mech also nach beis drugin mat der Beliichtung an dem Cadrage... et kennt secher nach eng Foto no
Eng gudd foto hues de do gemach am beschten gefalle mer awer dei ennescht 2/3 vum bild ech fannen dei luut dei em den hals an den kap vun der guitar ass super geseit bessen aus wei belichten niwel och dei 2 faarwen passen gudd
deen ieweschten drettel fannen ech net sou gudd wei schon gesoot gin ass fannen ech se bessen ze knap cadreiert (also do uewen am lenksen eck)
ech hätt mer verscheinlech besser gefall wanns een konturen vum kieper vun der guitar besser erkennen giff
ech wees och dass daat lo net sou einfach ass ech hätt secher net sou gudd hi kritt weis du
et het fleit gudd gepasst wann den kierper vun der guitar mei vun ennen beliicht gi wir dann wären konturen mei raus komm
Merci Jefferson... ech haat probeiert d'Guitar vun ennen ze beliichten aawer sou richteg flott ass daat net gin... de cadrage ass sou enk well main Objektiv leider u seng Grenze gestouss ass ech waert mech aawer mol nach emol dohinner setzen a probeiren et besser ze machen
Witseg, mein papp huet genau di selwecht guitar
den enken cadrage uewen fanen ech steiert d foto net, zumols well een sech haaptsaechlech ob di ennecht 2/3 konzentreiert. kieper haet vleit eng gretz mei kloer konturen kenn hun mee ass do och wei beim cadrage.
mee grond vier den comment: wei hues de deen faarwegen ''luuchtniwwel'' do gemaach??
Merci.. majo ech hun d'Foto an engem daischtere Raum gemaach an hun dun mat enger klenger LED Luucht rondrem d'Guitar gemoolt mat eben enger laanger beliischtungszait... mat e bessi gespills kriss de dann sou een Effekt hin d0Fuerwen hun ech nodreiglech am PS mengem Gout no gemaach