Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Knuedler

 
Knuedler
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.03.2007
  • Gekuckt:
    21800
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    1
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    694x800
  • Späicherplaz:
    273 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    HP Photosmart R707
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=15943]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto vum Knuedler :)
gloda 13.03.2007 - 00:20
Ui, ui, ui. Hei muss nach vill geschafft gin.
Edit:

Dann leen ech emol lass.
Zäitpunkt: Wanns de wëlls en Maart weisen iert en ufänkt, as et vläit méi interessant d'Marchand'en ze knipsen wéi se hir Stänn opriichten.
Standpunkt: Déi Sachen déi d'Bild sollen ausmachen sin zevill wäit ewech an zevill wäit auserneen. Wanns de 10m no fier an 5 no lénks gangen wiers, häss de den Wëllem iwwert den Stänn gehat.
Kompositioun: Ëmmer op d'Beem oppassen. Et as immens einfach fir eng Foto doduerch hieren Effekt ewech ze huelen, dass en Bam, oder och nëmmen en Aascht firum eigentlechen Sujet steet. An dësem Fall wier et, wanns de häss wëllen do stoen bleiwen, duergang dech ze huppen, dann wier d'Statue ënnert den Äscht amplatz dohannert.
Himmel: Wann et wollékesch as, kriss de gären en Himmel, deen komplett wäiss as. Den Kontrast as einfach ze staark fir en digitalen Fotoapparat. Et get munnech Manéieren fir dat ze léisen sich einfach mol um Google no "fix blown-out sky" o.ä. - tiens, dat wier dach emol en Thema wou ech och en Tutorial driwwer schreiwen kéint smile
Verarbëschtung: Selektiv désaturatioun mecht nëmmen Sënn wanns de en Sujet wëlls vum Rescht erfierhiewen, an och dann klappt et nëmmen wann dat wat faarweg bleiwt vun sech aus schon d'Blécker op sech lenkt. D'Désaturatioun kann, wann se effektiv soll sin, nëmmen genotzt gin wann se en Effekt verstärken, net komplett hierstellen soll. An dësem Fall hues de nach dobäi den Problem vun den Beem. Du hues mat der Faarw den Bléck op d'Statue gelenkt, mee den Wëllem as 1. hannert den Been, 2. deelweis hannert enger Luucht an Still, 3. zevill kleng am Bild, 4. hallef mam Gemengenhaus verbonnen, 5. op enger komescher Platz am Bild, (fir nozeschloen: gëllen Regel an hir Ausnahmen).
Sou, ech hoffen dass déng éischt Kritik hei um Site der dann elo e bëssen weiderhëlleft fir di nächste Kéier.
An wéis de gesäis hun di Sachen wou ech der gesot hun näischt mam Fotoapparat ze din smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 500 Gäscht online