schéi Faarwen, mee wanns du amplaatz vun 112mm einfach méi no gaange wiers, dann wier et besser gin
Souwäit ech wees ass dat jo och eng vun den Faustreegelen an der photographie
mengs du mat fauschtreegel net den rapport vun brennweit mat der belichtungszeit?
deen ass nämlech 112 x 1,6=179
woubei 112 brennweit as an 1,6 den multiplikationsfaktor vum sensor vun menger kamera as.
d.h. fir eng foto ze machen dei net verwackelt get muss ech op manst eng belichtungszeit vun 1/200 huelen.
@icemc: Faustregel? Hö? Ginn ech elo guer net mei eens? Dei 112mm ass io just den Ausschnett aus dem Objektiv, gees de bei zereck, bei 90mm z.B. ass deen Ausschnett mei grous oder eben bei mei enger grousser Brennwaeit, mei kleng.
Daat ass, mengen ech mol, nemmen wichteg wann d'Liichtverhältnisser keng kuerz genuch Beliichtungszäiten zoulooßen. Hei ass blend awer 10 an Beliichtung 1/400 also hätt ee suguer nach e gudd Stéck méi wäit kënne wech goen
Ganz flott Photo dat do! Gudd Motiv, schéin douce Faarw. An déi déck Rumm passt ganz gudd bei dës Photo. Och dass se bal quadratesch ass. Wat ech lo nach flott fanne giff, wier wanns de déi kleng Rumm direkt ronderem d'Photo amplaz wäiss an dem doucen blo vum Himmel uewen gehalen häss.
dat mam Multiplikator weess ech jo, bei mengem Nikon ass et x1.5 z.b. - nee mee ech hu just gemengt, dass ech waarscheinlech mi no gaange wier, an net esou wäit gezoomt hätt, mee d'Foto ass tiptop, wirklech, do hun ech naischt drun auszesetzen.