Wonnerschein och wann ech keen groussen Digi art fan sinn gefellt dei mer ganz gudd Dei linen um buedem dei vun der schepp stamen lossen wirklech undeiten als op deen do amgaangen wier ze wullen!
No TopFoto >>>>>
Lächerlech!!!!!!!!
11 Bewertungen matt 10/10 = 110
Result - dei 11 dei bewärt hunn kennen nett vill oder sinn Blann, also Ech och
oder ass ett e sou schweier fier zouzeginn dass verschidden Leit eben richteg Gudd sinn........
Mein öffentlechen Avis zu deser Saach, dann kann weinstens keen soen ech geif hannen erem schwetzen
Julien (JuZi)
Hei als Beispill eng gewielten TopFoto, also do gesinn ech schon een Ennerscheed, awer ech hunn elo grad mein Brell nett unn, an kann sinn dass ech falsch gesinn B I G B A G G E R II
... wäer wierklech intressant - obschon d'Jury dat jo nët muss, wat ech ob eng Manéier och alt ness verstin - d'Motivatiounen oder d'Explikatiounen ze héieren...
Schonn 10000x gesot, Topfotoen sin dach egal, an ech als User geif einfach denken op gutt Letzebuergesch "Schäiss op d'Topfotoen"
Mee Recht muss ech der scho ginn wanns de sees dass daat scho relativ komesch ass. Ech ka mer zwar schonn Saachen denken wisou anerer Nee soen, allerdings ass et net u mir fir dei ganz Jury ze schwätzen, ech kann do just fir mech schwätzen, an ech soot beim spako senge Fotoen zimlech all Jo ...
Waat snn ech frou wann ech endlech den Update online setze kann ... si jo nach amgaang domat an am Moment keng Zäit fir weiderzemaan (Uni Examen), mee Topfotoen sinn do scho laang eräusgeflunn, souvill ass kloer
PS: Vun denen 11 dei bewärt hun sinn der just 2 An der Jury.
Maach der näischt draus JuZi, mir maachen jo eng perseinlech TOP-Gallery mam Spako sengen Fotoen!!
@Spako, sie muss jo net an der TOPfoto Gallerie ausgehangen gin fir och TOP ze sin!!! Fir mech as an bleiwt se top, as souguer eng vun mengen Lieblings aus denger Gallerie!!!
Mech geif och immens interesseieren waat der drun net gefaellt .. lo guer net fier ob Konflikter auszesin (geing ech mer secher net erlaaben) mee einfach fier ze wessen ob et eppes ass waat ech keint besser maachen, oder ob et einfach de Stil vun der Foto ass deen der net gefaellt... ech ka mer ganz gudd vierstellen dat se deem engen oder aaneren net gefaellt well se immens staark verschaaft ass an daat ass jo jidferengem iwwerloos ob en daat usprecht oder net... Mir gefaellt se vun deenen drei bis lo am beschten aawer ech si secher ob fir all Vierschlaach wei ech et besser keint maachen et sin och secher deen een oder aanere Bearbechtungsfeeler dran ...
ech wollt eréicht muer weider äntweren ...
ët war nämlech éischter een PG-User-an-Jury-Strietz-Comment ... wéi daat vun mir heiansdo esou geschitt ... ... sin haut, an wéi esou oft ... um Aarbecht's-Stress-bedingten-Ironie-Trip ... (
mee vue que, dass du dir meng Wierder esou zu Haerz geholl hues (sorryyyy) an fir dech, vun menger Säit aus, ze berouegen ... schreiwen ech mäin Comment elo direkt weider ...
... se ass nämlech ... --->>> ... ULTRA TOP !! ... ))
huch ... pardon Jade... ech wolllt dech lo net an de Stress geheien **peinlech**
Mee egal ... mei Komment steet! ech sin op fir all Kritik a verbesserungsvierschlaach!
KP ... wéi häss du daat och kënnen wëssen an "erausliesen" ...
ECH soen pardon ... an MIR ass ët peinlech ... ...
ech hätt dech jo kéinten per PMS um laafenden haalen ... ))
ech haa sou enk kadreiert well ech dei spueren um Buedem mat drop wollt kreien .. hun aawer missen herno ee Crop lenks maachen fier d'Gewulls aus der Foto ze kreien ... secher wier et besser gewierscht einfach nach riets e besse weider dropzehuelen...ech hun daat heiheem dun och geduecht ....
OK un all dei lo hei commenteiert hunn,
Sinn frou dass meng Remarque end Diskussioun ausgeleist huet
@ TO ALL an och un den Johny
Ech widderhuelen mech erem eng Keier,
awer
Och wann ech nett emmer mamm Johny enger Meenung sinn, muss ech awer sein Asatz an sein Engagement hei um Site LUEWEN.
Bon, ech verstinn dass hien an fill Anerer hei um Site dei lescht Zeit nett fill Zeit haaten, >>>Schoul<<<
awer elo wär ett un der Zeit den Upgrade fum Site PHOTOGEN.lu färdegzemaachen an ze lanceieren.
Photogen.lu ass och wann fill Leit sech dees nett bewosst sinn eppes ganz wertvolles fier all Fotobegeschtert Letzebuerger an och International, ett ass een Repair ginn fier d'Entweklung an den "Know how" an der Letzebuerger Fotoscène ze moosen.
Ech wär esouguer beret als Member ze bezuelen fier derbeizesinn, kloer dass Studenten miesten Gratis sinn. Awer mier zeien all un dem selwechten Fotosseel an dofier, loos mer eierlech an objektiv bleiwen
>>>>>>>>>>>>>>>>>>>Photogen.lu<<<<<<<<<<<<<<<<<<<
ass fier Letzebuerger Verhältnisser trotz allem BlaBla eng Bereicherung
nee also lo serieux: Tëscht dem fäerdeg stellen an dem Lancéieren vum Update läit nach ganz vill Arbecht, déi och net emmer einfach ass. Ech geif ierch jo gäeren mäi Plang weisen fir dass der verstidd wisou et esou laang dauert, mee ech wëll net all Iweraschung verroden Obwuel dei puer Saachen wou offiziell si schonn dass se kommen, och schonn net weineg ass. (z.B. e System den Topfotoen, net genee ersetzt, mee seng Plaaz anhëllt, oder eng Favoriten funktioun, oder en selwer programmeierte Forum den an de Site integreiert gëtt, oder däischteren Design avm...)
Mee net nemmen den techneschen Update ännert PG an denen nexten Wochen
Du miest mech jo lo baal kennen, Johny, an vill aner PGisten och,
"Waat Muss gesoot ginn, Soll gesoot ginn..."
Awer elo ass Vakanz, erhuel Dech emol e beschen, an dann geet ett vierun
Nach een scheinen Owend
Julien
Et get mer e bessi angscht beim Gedanken dass hei soll esou vill verännert gin. Et as nämlech verdamt schwéer eppes esou flottes ewéi desen Site nach besser ze machen. Awer ech vertrauen der trotzdem voll a ganz.
Et sinn awer reegelmeisseg Saachen firgeschlo ginn, an dei meescht vun dene Virschléi huelen ech mer zu Härzen. Puer Beispiller haat ech jo uewen schonn opgezielt. An et ass jo net wéiwann de ganze Site komplett géif op d'Kopp gehäit ginn Méi séier méi einfach a méi flott soll et ginn, daat ass alles.