Also ech wees jo net.... mee des Foto as einfach hammer;0) dirf een froen weou daat war? ech probéieren och mol bessen aus vir Lndschaftsfotoen ze man, awer kréien et nach net gudd hin... hues du villeicht irgendwéi en Tip parat, wéi een daat seou schéin düster mat den Wolléken kritt?
Merci nini..
majo daat war an Neuseeand, zu Opomere/Hokianga Harbour...
Fir Landschaftsfotoen passen ech op dat ech e bessi eppes interessantes fir am Bild hun( hei de Steen, kann aawer och soss eppes sin), dann eppes waat an d'Bild eraleeft an deem ganzen Deift gett (zb hei de Wee, kann aawer och e Floss, oder soss eppes sin). et ass och interessant wann ee Persounen oder Deieren oder soss eppes an enger Landschaftsfoto integreiert waat engem en Greisstevergleich ka gin .. reischt da gesait een och wei imposant eppes ass...ausserdem haucht dat der Foto dann e bessi "Liewen" an...
ech fannen dat dei flottste Landschaftsfoten net bei "scheinem" Wieder entstinn, mee eischter wann et schein Wolleckeg ass...mee daat entsprecht och eischter mengem Styl, daat ass eigentech jidferengem selwer iwwerlooss...
Natierlech ass et awer och esou dat ech meng Fotoen zimlech vill am Photoshop veraarbeschten fir de gewenschtene look a feel ze kreien (ennert aanerem eben och fir d'Wollecken nach mei düster ze kreien) ... ob daat lo gudd ass, doriwwer leist sech streiden aawer ech maachen dat eben gaeren