Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gett Hierscht

 
Gett Hierscht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2008
  • Gekuckt:
    20841
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/25
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    200 KB
  • Originaldatum:
    2008:09:10 14:18:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=30288]
Kommentar vum Fotograf:
Halschent vun engem Champignon op engem Glaasdesch geknipst mat Hielänner
galileo 12.09.2008 - 10:49
Dat do ass ganz schéin - flott Harmonie an de Faarwen a passend Schärft.

Eenzeg steiert mech dat klengt Hoer do uewen um Champignon - mee dat ass just en Detail.
marischen 12.09.2008 - 11:21
Gefällt mer och ganz gudd. Ech mengen du hues dein Domaine fonnt smile
tomdi 12.09.2008 - 11:30
Ech fannen se och ganz schein.
Shantideva 12.09.2008 - 11:35
Hei hues du eng gudd Idee ganz flott emgesaat. D'Faarwen sin wirklech passend zum Hierscht an harmonéieren immens gudd ennerteneen.
Phil_D40 12.09.2008 - 11:44
Genial Foto, gefällt mer wierklech ganz gudd ! Super, kloer Faarwen an eng gelongen Spigelung vum Champignon smile
Dan 12.09.2008 - 12:19
Ech ka mech hei dem Shatideva just uschléissen!
Gutt gemach!
Mir gefällt d'Foto ganz gutt...
Pingu 12.09.2008 - 13:21
gesäit wierklesch super aus... haat geméngt de champignon giff an éngem pull leien bis ech däi kommentar gelies hun... heescht huet eppes natierleches... wierklesch flott... just mat der rumm kann ech mech leider net su richteg ufrennen...
gloda 12.09.2008 - 13:39
Flott arrangéiert, et gesäit ganz natierlech aus. Hues de se schon eng Kéier am SW probéiert?
Jeanny 12.09.2008 - 14:20
neen ech wert et ausprobeieren sch.G.
Mochel 12.09.2008 - 13:39
cool Idee gefällt mer
ChLo 12.09.2008 - 13:59
Schéin Photo.
Sie gefällt mir gudd, déi méi déischter Farwen spiegelen d'Wieder gudd erëm.
BigVood 12.09.2008 - 14:51
Flott Iddi.
Hu missten de Kommentar liesen an 3-mol kucken, ier ech verstan hunn, datt dee Champignon net am Waasser läit.
Vläicht nach e bësschen méi ofblenden, da wier de lenken Deel vun de Lammellen genau sou scharf wéi déi riets.
ApplEric 12.09.2008 - 14:53
Ech hat am ufank gemengt, de Champignon an d'Heelänner giffen am Waasser leien, duerch dien halwen Champignon gett dat ganzt nach verstärkt!
Huss eng gudd Aarbecht hei geleescht, gefällt mer ganz gudd!
TomEwert 12.09.2008 - 17:34
dass alles gesot ...ganz schéin en scène gesat !!

haett och am ufank geduecht dass en am wasser louch.
NikonD80 12.09.2008 - 17:49
wirklech schéin Foto, schéin Kompositioun, super Farven an Schärft.....
Maimonides 13.09.2008 - 01:50
Ongewinnten, super oofgestëmmte Faarwpalette: mir warden op de Wanter...
Einfache Sujet,..... wann e bis op d'Iddi komm ass.
Gefällt mir ganz gutt.
Kwitchibo 13.09.2008 - 03:31
Gefällt ma wirlech guud as mat dei beschten Foto wou ech je vun engem Champnion gesinn hunsmile

Fuarwen sin immens harmonesch den opBau gefällt...

probeier nach daat Hoer do eweg ze kreien uewen um Champi... an den stepskär an der Spiegelung dann bei den Fotograf
an printen losen!!

mbG

MARC

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Ponte Dom Luís I, Porto (II)

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 387 Gäscht online