Ech hu säit Mëtt Juni keng Fotoe méi fir mech selwer gemaach; ech weisen dann emol eng vun virdrun.
Dat ass vum Concert vun Florence + The Machine um UKC Summer Ball 2010. Op deem Link sinn nach méi Fotoen vum Bal.
Ech mengen net dass schonn eng Kéier eng Foto amt esou wéineg Kommentarer herno Wochefoto ginn ass... Mee absolut verdingt wéi ech mengen.
Den eenzeg klengen Detail dee mech stéiert ass de liichte Gréngstach lénks am Bild an de Luuchtstrahlen, mee ob an wéi een dee gesäit op engem "normalen" écran weess ech net
Et sinn e puer Saachen déi mech am Faarwverlaaf vun den Strahlen stéieren (déi magenta Faarw an der Harf). Et waren villäicht besser Fotoen an der Wochenofstemmung awer d'Wieder "gutt" oder "besser" sinn jo awer Adjektiver an dofir och Relativ an Subjektiv. Ech hunn se gewielt well ech se flott fannen an se engem Stil entsprécht den mir och zouseet. Se hätt sécher och een Kommentar vun mir verdéngt gehat awer ech sinn hei e bëssi demotivéiert ginn fir Kommentaren ze schreiwen (net vun dir).
Eng Foto vun der Woch ze hunn ass souwisou keen Geschenk an se bréngt een kee Fatz weider. Ech weess dass du et souwisou net ustriews fir eng Wochenfoto ze kréien. Ech mengen do stees du driwwer. Awer et ass ëmmer erëm eng Quell fir onnëtz Diskussiounen hei op PG.
Eigentlech ass dat wat ech hei schreiwen och erëm onnëtz well ech mech zënter laangem an dem Thema widderhuelen. Et ginn besser Saachen ze dinn (Fotoen maachen, z.B.) wéi dat Thema iwwert déi onnëtz Wochenfoto all Woch erëm ze diskutéieren.
Du hues jo matzen an den Säiten vun der Harf een wäissen Spot. Em den Spot (den wuel magenta ass) ass bei den Iwwergäng op déi wäiss Strahlen een zimmlech starken Faarwkontrast. Ënnert dem Spot mecht et eng Form wéi een ëmgedréinten 'v'. Kennt villäicht vun enger nodréiglecher Sättegung oder Kontraststeigerung? Et ass awer just eng Klengegkeet.
Ahjo, ech gesinn genee wat s de mengs. Leider ass dat eppes wou ech wierklech net weess wéi ech mech uleeën muss fir déi lass ze ginn. Bal op all Concert wou ech Fotoen maachen ass eng Zort Spot mat der mäin Apparat absolut net eenz gëtt, an direkt den Kanal komplett sättegt. Souguer am RAW kréien ech do meeschtens näischt méi eraus.
Wann ech mech lo einfach sou dierf ameschen - ech well lo weider nitt op d'Wochenoofstemmung zreckkommen - mee einfach soen, dass ech et bessen schued fannen, wanns du sees, du wiers demotivéiert fir hei Kommentarer ze schreiwen. Ech lueden zwäer nitt mei vill hei rop an wann kreien ech seelen Remarquen déi mir weiderhellefen (fir gesoot ze kréien, wei schéin Fotoen ech da mächen, ginn ech bei manner kompetent Leit ), awer wann da kommen se normalerweis vun dir Jean-Claude Wann lo Leit wéis du ophaalen Kommentarer ze ginn (du muss jo lo och nitt bei all Foto aktiv ginn), da stagnéieren och verschidden Leit, dei awer virdrun vill duerch Photogen geléiert hunn. Amfong meng éischt Schrett als Fotograf hunn ech och direkt op Photogen gemeet. Et huet laang gebraucht, bis de Johny iwwerhaapt eng akzeptéiert huet, an déi ass direkt vum gloda zerfatzt ginn Mee ech kruut direkt Usätz, wou ech di näechste Keier ufänke soll.
Mettlerweil sinn ech awer schon op engem gewessen fotografeschen Niveau (ouni lo iwwerheeflech wellen ze sinn!) an ech mengen, do kann nitt mei all PG-User mir mat konstruktiven Kommentarer weiderhellefen ;-)
Merci! Dat freet mech ze héieren. Ech hunn mir just e puer Gedanken gemeet well ech heiansdo ganz vill Zäit beim Computer souz fir meng Wieder richteg ze formuléieren an eng konstruktiv Kritik ofzeginn (an de Grenzen vun dem wat ech selwer bis elo geléiert hunn). Leider sinn awer an leschter Zäit d'Leit all ze oft ugepisst wann si den Ego net geschmeechelt kréien mat Small-Talk-Kommentaren. An do hunn ech mir dann d'Fro gestallt ob et net villäicht besser wier ech gierf meng Zäit besser investéieren wéi laang Texter ze schreiwen déi onerwënscht sinn. Et seet mir awer och näischt een Tri ze maachen an just nëmmen deenen Leit ze schreiwen bei deenen ech weess dass se Kritikfäheg sinn. Awer dat kann ech mir jo nach iwwerleeën.
Okay, ech verstinn vollkommen, waats du mengs! Ech hunn daat och heiansdo héi bei Kommentaren, mee da froen ech mech wierklech firwaat een sech bei Photogen umeld! Et wees een jo schon, dass direkt bei de Fotoen di rageschéckt ginn, een Tri gemeet gett. Also setzt een sech a mengen Aan fräiwelleg der Kritik aus. Wee just eng Gallerie well hunn, ka sech jo op aanere Siten emkucken, mee déi Diskussioun haate mir jo och scho méi wéi engkéier...