sry, also haat deng tatsach an ongelunn na nie gesin xaph, mee plädeieren da mol dozou dass e feinen Admin se roofhellt, well jo hei net plageieren (wann och ongewollt) ei e weltmeeschter
ben, hei gin et jo wéinstens nach differenzen (dat do ass eben eng vum shanti sengen ganz bekannten), fir dass dat nët geschitt, géif ech mer zwar all seng fotoen eng kéier ukucken, hun dat och sou gemeet, wou ech bis e puermol an d'fal gelaaf sin, du brauchs keen admin fir ze läschen, dat kanns de selwer maan...
Déi Foto ennerscheed sech jo awer grondsätzlech vun menger an se ass bestemmt schon op d'manst 500 mol gemeet gin an allen méiglechen Blëckwenkelen. Wann se elo genau identesch wier, dann gief ech daat e bessi schued fannen. Wéi hues du déi Foto dann gemeet (Pano oder gecropptenen Fisheye)?
Ech hun deen gréissten Deel vun menger Gallerie geläscht an just nach 70 Fotoen stoen geloss. Dann ass d'Problem mat denen Fotoen geléisst. Ech war eben een vun denen eischten déi daat Hobby hei am Land bedriwen hun an sin dofir och een vun denen eischten déi do Fotoen gemeet hun.
Ech hun et virun kurzem nach witzeg fonnt dass Fotografen aus Frankreich eroof komm sin an gesoot hun si wéilten verschidden vun denen Fotoen nomachen déi se bei mir gesin hun. Ech sin es och midd emmer erem ze soen dass een gudden Fotograf aus 90% Kreativitéit besteht, an aus 10% Technik. Firwaat soll ech daat och nach machen? Geschter hun ech mir nach missten am Auto eng schlecht Coverversioun vum Jacques Dutronc sengem Lidd "L'Opportuniste" unlauschteren. Ech wees elo dass et mir iwerhaapt neischt brengt mech emmer erem drun ze haalen dass een soll innovativ an kreativ sin. Mir brengt daat guer neischt, just nemmen streidereien.
Ech hoffen dass ech elo keen beleidegen, awer déi Escher Industriebrooch ass hautzudaags net méi wéi een Fotografenmallorca. Fir Fotografen déi gären Pauschalfotografie bedreiwen ass daat eng international Pilgerstätte gin. Ech wees dass ech do net ganz onschelleg drun sin. Awer, waat brengt et dass een all Moment wann een op PG d'Seit op mecht op der Frontseit eng Foto vun der CT oder vun den Siloen geseit. Et gin dach nach onendlech vill aaner Platzen. Et muss een just e bessi d'Aen opmachen. Ech hun déi nächsten Week-Ender schon all ausgebucht mat neien Platzen déi ech font hun. Firwaat emmer erem daat selwescht knipsen goen, daat froen ech mech. Sidd mir net beiss, ech mengen daat wat ech hei schreiwen net schlecht. Et soll een kreativen Ustouss sin obwuel ech mech emmer erem mat sou engem Kommentar onbeléift machen. Awer et sin och ganz vill Leit hei um Site déi frou sin wann se endlech net méi all Daag mussen Fotoen aus der CT oder vun der Terre Rouge mussen gesin.
(Mat mengem Kommentar wollt ech och elo keen Mensch gezielt uschwätzen. Daat ass meng allgemeng Meenung, och wann et grad als Äntwert op dem Xaph sein Kommentar steht).
ech hun och gesin, dass et nët déi selwecht ass, me ech krut der hei schons vill vir manner laanscht d'baacken op pg, an dofir setzen ech den lien prinzipiell dohinner fir den leit kloer ze maan dass se sollen bei denen aaneren kucken an sëch informéieren...
ceci dit, dat aanert wats de sees, ass richteg an och rëm falsch, vu dass sou eng geheiniskrämerei ronderem d'urbex-siten gemeet gët, bleiwen jhust déi puer üblëch iwreg, dat kann ech dann och kengem verdenken, wéi dacks hun ech dann lo den oder aaneren well gefrot fir dierfen mattzegoen oder zesummen eppes ze maan well et ze geféierlëch ass fir aleng ze goen, an mol keng äntwert kritt?
? Awer net vun mir. Oder et war secher net meng Absicht. Et get och eigentlech keng Geheimniskrämerei. Fir mech gehéiert och eng kleng Detektivaarbescht dozou déi mir op d'manst souvill Spass mecht wéi d'Fotograféieren un sech. An déi machen ech ganz intensiv. Den Andy huet des lesch souguer gemengt dass mir eis schon baal wéi Aasgeieren verhaalen. Wann mir gewuer gin dass irgendwou eppes verloss get (egal waat et ass), dann warden mir gemittlech drop bis et eidel steht an dann gin mir dohin Fotoen machen. Soss gehéiert och einfach e bessi Opmierksamkeet dozou. Et steht sou vill eidel an der Groussregioun dass ech et mol net hikréien alles kucken ze goen.
Ups! Elo wees ech mol net méi ween wem hei äntwert. Alles steht ennerteneen bei mir. Ech weisen op jidde Fall keng Fotoen méi hei, ennert aanerem aus dem Grond. 30% vun PG besteht mettlerweil aus Urbexfotoen an ech gin oft als den Ustifter vun deser Plo gesin. Dofir hun ech hei jo och schon eng Woch neischt méi eropgelueden an den gréissten Deel vun menger Gallerie geläscht. Ech sin ganz denger Meenung Miau.
Et ass awer sou. Ech hun virun e puer Deeg alles geläscht bis op, ganz genau, 70 Fotoen an ech hat net méi vir fir hei nach irgendeppes eropzelueden, hëchstens nach méi dovun ze läschen. Daat huet awer neischt mat dir ze din well ech daat schon 2 Méint vir hat an verschidden Leit hei um Site och schon doriwer bescheed wossten, wéi z.B. den Andy (Zampano). Meng Fotoen weisen ech just nach um Flickr, Artlimited an Bluecanvas well sech daat do nach an Grenzen hällt. Hei um Site ass d'Magie vun denen Fotoen zerstéiert gin. Den Mensch huet eben d'Tendenz daat ze zerstéieren waat en flott fennt an bewonnert. Sou ass et och mat der CT, der Terre Rouge an mat dem Typ vun Fotografie gangen.
ech fannen och dat et net een plagiat as, mais et get langweileg ememr erem daat selwecht ze gesin ! :( !
wollt och nach eng keier an t'CT, mais dei läscht wochen gesait een zefill fun hier !
An daat mam plaatzen fannen,, do muss du meir dann eng keier verooden weis de dech do uleess !
haat deslescht epes fonnt, net weit eweg, 100km ... ob eemol wei ech bis all Info haat (plaatz, numm, etc ) hun ech nach e bessen weidergegooelt, an wou sin ech geland ? op luxurbex.com !
Hun e Pano gemeet aus 5 Fotoen,ennen beim Förderband gesäit een na e klengen Stitchingfehler,wou ech probeiert hun deen ewegzestempelen. gin der volkommen Recht Shanti,mee gescht wollt ech einfach mol spontan wouhin,a vu Feitz aus mam Tank op der Reserve as mär just daat do agefall,vue dass ech na nie do war. hu wei gesoot och probeiert sou mann wei meiglech dei nämlecht Sachen ze knippsen wei dei aaner Leit dei schon do waren (wei bspw dei Foto,dei op der Inv. vum Moche senger Vernissage as),an dofir fannen ech et tatsach och blöd dass ech lo /- dei nämlecht Perspektiv weis du hun,wann wei gesoot och ongewollt.fannen et awer gudd dass ech lo hei net de kapp gewäsch kreien mäi nexten Projet steet iwregens schon,hu mat engem Kolleg vun der Arbed geschwat deen Zougang zu aalen Stollen huet,enner aanerem zu engem hei fir a Frankr. wou all d'Maschinne na funzen a deen wier gewollt mech mat puer Kollegen matzehuelen,also avis aux amateurs
du hues mir aus der Seel geschwat Shanti, sou Saachen priedegen ech och schon zanter Joerzéngten. Dat nämlecht geschitt bei international Concouren, do gëtt gekuckt wat medailleert gouf an herno séier datselwecht nogemaach, ech kennen esouguer ganz gutt "Concoursfotografen" di Sou'en domat verdéngen dat si Reesen organiséieren zu de Plaatzen wo si ihre Medaillenbiller opgeholl hu
Ma, déi Marktlücke ass am Urbex och schon gefëllt. Ech hun schon Invitatiounen kritt fir op Locationaustauschbörsen mat ze machen. Fir e puer Euro kritt een eng Platz gesoot. Sou wéi um Ebay. Wien bidd méi?
Né nett eng Frittebuud mé é stand matt Glühwain an Keschten ... daat haaten mir mamm Shanti esou ausgeméét.
Elo kennen mir matt der Neier Saison ... Fanta Cola an Red Bull verkaafen. ...
Ech geif dess Plaatzen nemmen fir Macro gebrauchen ... daat huet just de Ludiol an nach pouer geméét.
Waat maachen an der CT? Schweier Fro... eng Hochzait dohinner Fotografeieren goen ... daat wär eppes aaneschters ewei am Park oder zu Fond De Gras.
Komesch et kloot kéén wann én nemmen Zich , Blimmercher , Pärd oder och Velofuerer knippst... an eroplued... mé, anschainend, gett deck keint de Shanti oder aaner Pioneieren gemault wann hai esou vill CT an Schrott am HDR fotografeiert eropgelueden gett.
Also Urbex ass elo eng Mode... mé fir d'Scheinhéét am Doud ze fannen muss awer och eng Philosophie dohannert stiechen. E Message, eng Ambiance, eng Luucht oder e Symbol... soss ass et nett méi ewei eng Doku. Elo én Dokumentar an der CT knippsen ze goen froen ech mech wien daat interesseiert.
Wou sinn dei schein Wanterfotoen? , D'Knospelen dei unfangen ze kommen?, D'Waasser waat fleisst? Fine Art Portrait? Still Life?.
Mengt én Baal daat jidderen den Wow effekt siechen Gét, mé den Daagdécheléechen? dé well ké mei... mé do ass awer d'Realiteit. En plus an der CT (elo zu Deifferdeng ) huet mein Papp geschafft, D'Arbed woar ass Jungend... an dei Plaatzen zeien ais unn well mir daat erliewt hunn wou doo nach alles gedämpt huet...
Voilà mein Beidraach zu hai
Sorry Xaph! Ech hun déi Foto geläscht. Ech well keng Fotoen méi an menger Gallerie hun vun der CT oder vun der Terre Rouge. Hei ass awer een Link drop beim Flickr.
Bon als eischt mol awer merci fir Kritiken bezüglech der Foto zweetens zum Thema "souvill op PG si just Urbex-Fotoen". Ech hun u sech meng Leift zum Fotographéieren (waat klengt daat lo sou schéin kitscheg) ;) duerch Urbex Fotoen entdeckt, well do mech keng Leit knippsen, ech brengen et souguer färdeg, dass Gisele Bündchen ellen ausgesäit,daat nämlecht gellt och bei Naturfotoen...
zweetens emer CT oder waat och emer... et kann tatsach langweileg gin wann een nemmen Fotoen gesäit, dei permanent op de nämlechten Plaatzen gemeet gin, mee et kann een och an der CT nei flott Sachen fannen...
Desweideren maan ech daat Ganzt lo, wann et heischkennt, reischt seit 4Meint, a mei kennen ech eben na net hei an der Landschaft, a fir pro Daag honnerten Km ze fueren fir e puer Fotoen maan ze goen, kann ech mär net wierklech leeschten... (och en Argument firwaat ech na net op Völklingen war)
Daat as lo net béis irgendengem geigeniwer gemengt, an ech hoffen dass daat irgendwei verständlech as.
ps.: natierlech verstin ech och dei aner Kritik-Punkten heidrenner a sin doriwer och net motzeg oder granzeg oder waat och emer