Surf-republican
Mitglied
Dabei seit: 03.10.2006
Beiträge: 32
Herkunft: gudd aal Mousel
|
|
Ech hun lo grad op Youtube ronderemgesurft an sin dobai op eppes gestouss wou et mir wierklech heich komm ass...
dei di mech kennen wessen, dass ech zimmlech vill aushaalen an saachen ruppegkeet asw...mee do sin mer wierklech treinen komm vun roserei zumols...mee et ass mer och wierklech schlecht gin!
ech soen ierch direkt...ween desen film well kucken...den sierf firbereed! et sin keng schein biller...
Trotzdem mengen ech, dass jidfereen deen video gesin sollt hun...
Je mei leit en gesin hun an mei leit dofier sensibliseiert gin sin, desto mei leit kennen sech mei fir Gesetzer geint sou Gräueltaten ansetzen! et kann een zesummen mei drock maachen op dei respektiv politesch Bewegungen fir mei scharf Gesetzer asw ze proposeiren...
Wann et mei scharf an streng Gesetzer gett, ginoch mei Kontrollen gemaach an domatter gett et och fir dei leit mei schweier soueppes kennen ze maachen! ech fannen et wierklech eng Sauerei, dass sou saachen nach meiglech sin!
Gudd, wann et sech em en eenzelfall handelt, dann ass et nach vertrietbar (an dann nach!! ) mee an sou groussen Massen!!?? Muss daat wierklech sin??
An ech schwetzen lo net nemmen vun deenen Saachen dei lo an deem Filmchen wärten kommen...mee och vum Walfang an Nordeuropa an Asien! Mee och d'Masseniwwerziichtung an deenen sougenannten entweckelten Länner ( Europ, Amerika) ass net vertrietbar!!
sou genuch geschwaat...lo kennt der den Video kucken (et muss een iwwer 18 sin an daat och konfirmeiren...gleewt mer...et ass net emsoss!)
an nach eng keier een appell: helleft den Deiren!! et as net nemmen an hierem Interet, mee och an eisem!
http://www.youtube.com/watch?v=GxBAMmQKxzA
mfG Jérôme
|
|
05.04.2008 15:04 |
|
|
Surf-republican
Mitglied
Dabei seit: 03.10.2006
Beiträge: 32
Herkunft: gudd aal Mousel
Themenstarter
|
|
kanns du daat einfach sou akzepteiren???
datt do d'deiren en masse lieweg gehäutet gin???
do kann mer een kommen mat japanescher Traditioun oder sou...schwachsinn!!!
daat do ass dach net normal...eierlech!
do muss dach eng falsch sin am kapp vun deenen leit!
ech keint et jo verstoen wann et fir hiert eegen iwwerliewen wier...su wei d'Inuit an Grönland oder Alaska...dei häuten Robben an Wöllef fir hier eegen bedürfnisser...mee sie maachen et net en masse an verdengen keen Geld dorop!
|
|
05.04.2008 18:44 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Sin ganz denger Meenung ... Hat mer dat ugekuckt an war och geschockt. Daat ass grousse Kommerz op enger brutaler Art a Weis . Geseit een jo oft op der telé wou Déiren geschluecht gin an sou Saachen, mee di Leit probeiren weinstens, dass d'Déiren net leiden.
|
|
05.04.2008 19:03 |
|
|
Surf-republican
Mitglied
Dabei seit: 03.10.2006
Beiträge: 32
Herkunft: gudd aal Mousel
Themenstarter
|
|
genau...an deenen meeschten Schluechthaiser gin d'Keih zum Beispill mat engem Elektro-schocker oder enger spezieller Bolzen-pistoul embruecht...schnell an schmerzlos...hun op Youtube och een video fonnt wou an Amerika d'Kei um Hals opgeschnidden gin an su enger komescher Maschinn...an dann gin se op den Bueden geheit. Do verbludden se dann lues an qualvoll :S
ech froen mech wei Menschen sou grausam kennen sin mat Deiren...
ech verstinn et einfach net...
|
|
05.04.2008 20:47 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Genau! An daat fenkt net reischt bei den Amerikaner an Kei un, wann alt Leit op Besuch bei eis doheem sinn, soen dei, derzou nach ouni Grond: 'Oh wreck, Kaatzen giff ech net verdroen, da giff ech se leiwer mam Kapp an d'Mauer rennen.'
Also rondremt mech sinn emmer Deieren an sinn vill (ze vill) Menschen, dei Deieren behandelen wei ech wees net waat.
Bei mir ass et graad sou wei bei dir: Ech verstinn et net...an fannen et eng Sauerei!
|
|
06.04.2008 00:56 |
|
|
Surf-republican
Mitglied
Dabei seit: 03.10.2006
Beiträge: 32
Herkunft: gudd aal Mousel
Themenstarter
|
|
daat mat der Juegt fannen ech ass och su eng saach fir sech...
wann et drems geet datt den Fierschter en krankt Deier muss scheißen goen oder well t einfach zevill dovun gett, dann fannen ech et an der Reih. Wann et zevill där Deiren gett (Reih, Hirschen, Fiis, Wëllschwein asw) dann ass daat meeschtens weinst dem Mensch selwer! An desem Fall ass et well hei d'Wöllef an d'Bieren wei geckeg emgeluegt gin sin!
Daat mat den Haifesch an den Walen ass genau sou grausam!!
den Haifesch hier Flossen oofzeschneiden an se dann rem lieweg zreck an d'Mier ze geiheien ass einfach net tolereierbar! haifesch -mussen- schwammen fir kennen ze ootmen! An ouni Flossen kommen se nun mol net firun! Daat heescht am Kloertext, dass sie do am Waaßer qualvoll un Bluttverloscht stierwen an wann net doduerch, erstecken se!
Daat eigentlech Krankt dobai ass dann och nach, dass dii Haiflossen no baal -guer- naicht schmaachen! Haiflossen gin just geholl fir der Zopp an dei se gemach gin eng bessen mei fest Konsistenz ze gin! (wei wann et net su eppes wei Gelatine oder waat wees ech geif gin fir daat op aanerem wee hinzekreien!!??)
Bei den Walen ass et nach en Steck mei brutal: Sie gin oft vun 2-3 Booter gleichzeiteg harpuneiert! mee net, wei dei meescht Leit flait denken, mat "normalen" groußen Eisenspetzen...nee nee...Se hun do eng ganz perfide an krank Methode: Fier op den Haprunen setzen nach Sprengsätz!! beim eischten Kontakt gett een zimmlech groußt Lach an d'Fettschicht vum Wal gerass, fir dass die eigentlech Harpun och bis deif an d'Fleesch an vital Organer kann fierdrengen!!
Wann dann su een riesegen Wal op d'Boot gezunn gett an hien wiert sech nach, dann reißt en sech oft nach mei grous Stecker raus...an dann scheißen se nach en puer mei Harpunen lass...
Wann en dann schlussendlech um Boot ass, liewt en meeschtens nach!
Dann gett en do bei lebendigem Leibe auserneen geholl...
Wei wann dier op enger bretsch geift leien, sou midd, dass der ierch nemmi keint bewegen...an dann fänken se un ierch bei liewegem Leif auszeweiden!!
d'Selwecht wei Delfinen (dei och gejuegt gin an am Hafen mat Trakteren an Trucks (oft nach lieweg) iwwert den Buedem geschleeft gin bis an dei Haalen wou se dann auserneen geholl gin (heiandsdo iwwert 300 m)) sin Walen Säugetiere, daat heescht sie ootmen genau sou wei mir Loft! Daat well heeschen, dass sie do net "schnell" erstecken an dann stierwen...mee dei verbludden do...
|
|
06.04.2008 11:36 |
|
|
|