mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
|
|
EOS 350D: gesäit är och esou "schelmm" äus?? |
|
Moin, moin,
hun meng 350D baal e Joer, an gebräuchen se och. No relatiif kuerzer Zäit ass mer opgefall dass d'Antirutschbeschischtung um Greff an op der Säit mat de Connexiounen, sech lues mee secher opleist...
Ech fannen dass daat net dierft sin, an wann Canon Suen spueren muss, dann anzwousch aanescht ewei um Geheis, denken ech emol. Hun 2 Fotoen drugepescht, dann gesidd der waat ech mengen.
Meng Fro ass: kann een daat ouni weideres täuschen? Kritt een do am Handel Ersatzstécker oder muss ech en a'schéken, den Devis oofwaarden an dann jo/nee soen?
Huet schon een eng keier esou eppes gemaach?
Merci
mikE
mikE hat dieses Bild angehängt:
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von mikE am 04.09.2007 13:13.
|
|
04.09.2007 13:11 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Nee ech hun eng NIKON
lol maan e geck
krass awer...
|
|
04.09.2007 13:21 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech weess nët wéi vill s du mat dénger Camera geschafft hues, mee ech sin richteg schockéiert wann ech déi dote Billder gesin. Eng 1 Joer al Camera an esou engem Zoustand hun ech nach nie gesin! Och eng Asteiger-Kamera dierft no vill Benotzung no engem Joer nët esou ausgesin.
Ech hu Canon jo souwisou nët gären, a wärt hinnen elo nach méi kritesch entgéint kucken. Virun allem am Asteiger-Beräich vermuten ech, dass bei hinnen immens belleg geschafft gët. Si bretzen sech mat hiere Profi-Modeller a wellen de Leit vermettelen dass bei hinnen alles Top as. Bei anere Marquen as dat nët esou de Fall.
|
|
04.09.2007 13:31 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
looool! ech iwwerlee grad woumat ech soll 't fotoe vu ménger man
__________________
|
|
04.09.2007 13:39 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also den rim vun der cam ass fir un den hals, net fier se op der stroos wei een hond nozeschleefen
hmm wei oft benotz du dei all daach? Oo
lusch daat doten ...
|
|
04.09.2007 13:41 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
et as eng gudd reklamm fir canon!
wann eng kamera esou ausgesäit an nach emmer funzt as dat gudd
méng as mer geschter gefall! ech muss och mol fotoen dovunner man! as richteg traureg
cya!
__________________
|
|
04.09.2007 13:45 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Täuschen 1 Joër duerno? Gleewen ech net. Wann dann ennerhalb vun dem 1 Joer wous de garantie haas ...
Ech haat meng 350D och bal e Joer an do war guer näicht esou ze gesinn. An ech liese ganz vill an däitschen Foren iwwert d'Problemer déi sou optrieden an ech hun nach nie eng sou Foto gesinn ...
__________________ 404 - Not found
|
|
04.09.2007 13:52 |
|
|
Hackel
Jungspund
Dabei seit: 03.08.2006
Beiträge: 11
Herkunft: Peiteng
|
|
wow dei geseit zwar schlemm aus
zumols den greff dierft dach normalerweis net esou seier ofgenotz sin
mee op den dofir ersatzstecker kritt bezweiflen ech
mee kannen do net eppes mat der garentie machen? well dat dierft dach net ze sin
|
|
04.09.2007 13:54 |
|
|
Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
|
|
Daat do gesäit wierklech schlemm aus
Ech hun zwar lo keng EOS 350D, mee meng Eltren hun säit 3 Joer eng Powershot A80 vu Canon (déi huet och déi selwereg Beschichtung) déi och schon ganz vill benotzt gouf mee déi gesäit bei wäitem net sou schlemm aus wéi deng... och wann een déi zwou Kameraen u sech lo net mateneen vergläichen kann
|
|
04.09.2007 13:54 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
|
04.09.2007 14:10 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
7400 ass fir 2 Joër net vill (op jiddefall fir meng Verhältnisser
)
Nee ech ginn net heifir an DE fir se reparéiren ze loossen. Ech ginn dofir bei de Mirgain an d'Stad
(Hm nee am fong och net well bis lo war nach nie eng Cam vu mir futti).
Du kéins einfch mol nofroen an engem Geschäft ob sie mengen dass sech do eppes maache léisst. Mee ze vill Hoffnung hätt ech net an denger Plaz.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.09.2007 14:24 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Also Hoffnung dass et iwwert d'Garantie geet hun ech guer net. Mee dei Stécker do mussen sech wiesselen loossen...gin mol bei deen een oder aaneren Canon-Dealer... Oder ech mailen hinnen fier d'eischt....
Enfin, mol kukke. Haalen iech um laafenden.
mikE
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
04.09.2007 14:45 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Salut mikE,
Also ech hun eng 350D déi ech emmer mat an d'Gallerien huelen, oder wann ech klammen gin. Déi mecht sou muenches mat, an ech muss all Kéiers den Bulli an de Steps vum Geheis mat enger fiichter Lomp oofwäschen. Wann se dann awer erem proper ass geseit se erem aus wéi nei. Ech verstin irgendwéi net wéi et méigelech ass dass du se bei normalem Gebrauch sou entstellen konns
? Vieleicht een Fabrikfehler?
Gréiss
Shantideva
|
|
04.09.2007 15:14 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Hi Shantideva,
gebräuchen se normal, huelen se mol net an Galerien mat oder wenzelen mech mat hier duerch den Steps... Wann et daat wär giff ech mech net bekloen, mee ass jo net esou.
Hun elo mol den Support an DE u'geschriww, mol kukke waat se mer en "2 bis 3 Werkstagen" äntweren.
Bis dann,
mikE
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
04.09.2007 15:38 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Dat léist mech éischter vermudden, datt däin Schweess méi agressiv ass wéi bei eis alleguer. Mam Schweess gin jo och allerle Salzer ausgesched an demno wéi, gräift dat deng Beschichtung un.
Bon, en Materialfeler kann et natiirlech och sin, ech glewen ower éischter un meng Schweess-Theorie.
|
|
04.09.2007 16:02 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Ehmmm, .... okééé
Waat ech der awer soen kann, ass dass all dei aaner Saachen dei bis elo mat mengem, anscheinend desktruktiven, Schwees an Kontakt komm sin, kee Schued dovun gedroen hun. Zumols Saachen op Kunststoff-Basis.
An wann et de Schwees sollt sin, waat ech net gleewen, dann isst jo schons laang alles "opgeweecht" an zergrimmelt sin...
Souvill zu menger Antischweestheorie
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
04.09.2007 16:20 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von mikE
Hun bis elo 7400 Fotoen eroof ... 2 Joer? |
Méng Penatx *istDS huet ähnlech vill geschafft wéi déng Canon. Bei mier as praktesch keng Schréips ze erkennen. Läit dat um Benotzer oder un eppes anescht?
|
|
04.09.2007 17:29 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
ech haat mat menger D70 an engem joer baal 20000 biller roof, an dei haat mat ausnahm vum gummi deen oofgaang as (een bekannten prob bei nikon) glaat an guerneicht.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
04.09.2007 18:23 |
|
|
|