Mucky
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2007
Beiträge: 4
|
|
Hallo dir leif leit vun Photogen.lu. Haut sin ech online gaang fir ze kucken wei et mengen Fotoen geet, an hun leider missten feststellen, dat se refuseiert gi sin, well se zevill verännert gin sin... Hun awer gesin, dat dir och verschidden Fotoen ugehol hud, dei awer ziimlech verännert waren, an war e bessi enttäuscht... Naja, dir fannt vlait och dat meng fotoen einfach net schein sin, mee op allefall wollt ech foen: wei wait daerf een eng Foto veränneren? Et wier cool wann dir fir den Digital Art mei Fraiheet keint erlaaben, zum Beispill den Photosop Colour Balance oder den Channel Mixer... As just sou eng Idée... Doweinst heescht et och Digital Art, well een eng Foto digital verschafft...
|
|
31.01.2007 16:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et geet net em d'Veränneren, respektiv Bearbechten selwer. Et geet drem waat dobäi eräuskennt. an bei dengen 2 Fotoen huet et einfach just iwwerdriwen äusgesinn, daat haat näicht méi matt schéin ze dinn, wann een 25% oder méi vun der Foto sou bearbecht dass ee just nach wäiss gesäit weiwann et total iwwerstralt wir.
Bearbechtung: Jo, bessen ass nie schlecht, wann et ufängt vill ze ginn muss een awer oppassen well et huet ee vill éischter eppes méi schlecht gemaach, wéi besser, matt der Bearbechtung.
__________________ 404 - Not found
|
|
31.01.2007 16:23 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
ett gett kennt begrenzung an deem waats de aenneren duerfs ett soll eben nemmen eenegermossen ausgesin hmm post fotoen mol hei ranner dann soen mer der wou den fehler war
|
|
31.01.2007 16:26 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Jo daat as jo esou eng sach...ech hatt daat och schons, an waar deck sauer...mee no 2-3 stonnen hunn ech awer och angesinn dass de Jury recht hatt...et muss jo eng richtlinn ginn wou mir all mussen anhaalen.Haneneno war ech frou dass se net drop war , wel se nett do hin geheiert hätt.....
Salut
Weniger ist Mehr....soot emol een ....mee ween , en haat Recht.
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
31.01.2007 17:23 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
|
31.01.2007 17:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@Blackpanther: Mee daat ass eppes aanescht, bei dir war et weinst der Foto selwer, beim Mucky haaptsächlech weinst der staarker Bearbechtung.
__________________ 404 - Not found
|
|
31.01.2007 17:59 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
@johny:
wa usech keen fiirworf...;wollt et just halt ona enka fun engem anren heiren...:p :p
wier gudd enka mucky seng foto ze gesin...dann kann een sech een bessert BILD derfun man...;p
@ laurent: meng läscht mengnsch war et nik...ech TESTEN gären...an wan et nik lanscht den johny koum wees ech dass et nees niks war...
mee as iergendswei o gudd sou...muss joh iergendswou den unhaltspunkt gin den en site defineiert...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
31.01.2007 18:56 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech wëll kuerz umierken: Ech sinn net den eenzegen den Fotoen refuséiert/aktivéiert
_Zwar dei meescht warscheinlech, mee egal, hehe.
__________________ 404 - Not found
|
|
31.01.2007 19:14 |
|
|
Mucky
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Natierlech hun ech hei naischt ze soen, trotzdem fannen ech aer kriterien e bessi ze streng, mee virun allem onfair, well dir eng photo schon ofklasseiert, wann dir sie net gud fennt, obwuel ween seet dann dat die foto wierklech net gud as? Ech mengen dir gebraucht aer kriterien vun schein oder ellen, an dat as leider ziemlech subjektiv.
|
|
08.02.2007 08:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du hues ganz einfach onrecht: Mer refuséieren Fotoen déi schief sinn, déi verwackelt sinn asw, Daat si Saachen wou een awer op allermanst vun engem Hobbyfotograf kann erwarden dass drop opgepasst gëtt. Dann refuséieren mer nach Fotoen wou een en Motiv wielt waat mega oft geknipst gëtt, riicht an d'Mëtt vu senger Foto setzt an den Äusléiser dréckt -> Sonnen-ennergäng, Häusdéieren, an Blummen gehéieren hei meeschtens derzou. Bei dene Fotoen ass guer keng fotografesch Leeschtung derhannert. An dann och nach all aaner Zort vu Foto wou just "ooffotograféiert gëtt" d.h. Motiv ass halt op der Foto, jo, färdeg. Kee Bildopbäu, keng Ausso, keng Perspektiv, keng Luucht ... All déi Saachen déi eng Foto iwwerhaapt äusmaachen.
Bo lo vun denen ofgesinn déi géint Reegelen verstoussen, do muss een net driwwer diskutéieren.
schéin oder ellen huet domadden guer näicht ze dinn, matt dem ganzen. Kloer ginn et Leit déi hiert Häusdéier awer souuuuuu gär wollte roplueden, an se fannen déi Foto souuuuuu léiw ... jo gutt, mee daat huet guer näicht hei um site ze sichen.
__________________ 404 - Not found
|
|
08.02.2007 09:16 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
|
|
@Mucky: Eis Jury mescht hier Aarbescht schon gudd! Fläit mierks de speider och dass du am onrecht bas! Am Ufank as et fläit besen schweier wan eng Foto refuseiert get, mee daat soll een usporen fier et nach besser ze maachen!! Wann ech eng Foto refuseiert kreien, maachen ech ma metlerweil näischt mei draus. Ech kucken waat ech kann verbesseren, an versichen et dann nach eng Keier. Et get sou een Sproch: "Vum Faalen leieren d'Kanner goen", den passt och iegendswei bessen heizou.
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
08.02.2007 14:34 |
|
|
zia
Mitglied
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 40
|
|
Also, ech sin zwar keen groussen Fotosexpert, mee ech muss dem Johnny awer recht gin, well daat sin eigentlech eischter Schnappschëss.
|
|
09.02.2007 14:27 |
|
|
st_cub
Grünschnabel
Dabei seit: 28.01.2007
Beiträge: 2
Herkunft: Bereldange
|
|
Ech sinn noch nët lang hei beim PG. Ech hun schon e puer Fotoe refuséiert krit. D'ass nët ëmmer immens wann ët geschit. Mee ët ass awer ëmmer motivéiert/erkléiert : de jury huelt sech ëmmer zäit dofir ...
Ech fannen dat ganz constructiv an ët hëlleft viel beim Fotoe wielen.
Et ass ëmmer einfach d'Fotoen vun die aaner ze critizéieren mais seng eegene fotoen... ass eng anner sach.
Mir hëlleft dat viel, soguer och d'kommentaren vun d'aner photogenisten !
|
|
09.02.2007 22:32 |
|
|
Mucky
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Alles Nemmen Subjektiv An Onfair |
|
ech wollt dat mol testen, an hun eng photo eragescheckt, fir dei ech an der klass (an engem photoscours op enger heichschoul, vun menger prof, dei PROFESSIONNEL FOTOGRAF as) 16/20 kritt hun, dobai muss ech soen dat sie selwer immens streng bewäert, an meeschtens ziimlech mies punkten gett. Ech hun nach villen aneren Leit meng Fotoen gewisen, och Proffen (dei alleguer bei eis gnadenlos streng sin) an sie fannen meng fotoen gud.
Ech muss nach baifügen, dat e banalen Sujet gett et fir e Fotograf net, an wann dir serieux geift fotografeiern, dann geift dir dat wessen. Dir spillt iech hei op wei eng gerecht jury, an mengt, dir hätt ahnung dovun, wei een eng community feiert.
Ech sin och bei aneren communities, an do gett alles akzepteiert, an duerno dierfen aner memberen eben bewäerten. Iwregens hun ech op aerer sait hei och aner sonnenennergäng gesin(wiesou gett et iwerhaapt die kategorie, wann dat ze banal as?): dir sidd total subjektiv an loost aneren leit einfach keng Chance.
Wann dir all 2. Foto refuseiert, wiesou huelt dir iwerhaapt nei memberen bai? Bleiwt dach ennet iech an luewt iech geigensaiteg dofir, waat fir genial fotografen dir sidd. Also eierlech, sou hun ech mir dat net virgestallt. Ech muss mir net unheieren, dat meng Fotoen schlecht sin, just well dir se net gud fennt, dir sid nach laang net sou gud, fir aner leit sou ze bewäerten.
Iwregens sin ech anscheinend net dat eischt, waat gesait, waat hei oofleeft. Hun mech emgefrot, an hun verstaan, dass dir souwiesou eng insider community sid, an et offensichtlech wellt bleiwen. As dach ok, mee dann huelt keng nei memberen op, fir dann alleguer hier fotoen ze refuseiern, dat as nämlech onfair.
Ech well dat main Account gelöscht gett.
|
|
10.02.2007 09:44 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also wann daat do sou eng gudd nummer op enger heichschoul gett eieiei... soen dann lo och neicht weider dozou....
hmm also daat mat keng nei memberen beihuelen ass jo totalen kabes ech menge keen vun eisen adminen refuseiert hei aus willkuer fotoen well em iergend een net sympa ass... mee ech mengen eng qualiteitskontroll ass wichtesch an ett gett secher net mol 1/3 vun den fotoen refuseiert hmm wann dann allt iergendeen mei problemer huet fir eng "gudd" foto ze machen hmm ett kann een sech jo besseren ech mengen ech hun lo och keen wirklescht aan fir fotoen mee duerch uebung kompenseiert een do natirlesch fill
ett gin natirlesch och leit dei een aan derfir hun talent an hier technik beherrschen dei hun ech dann am leifsten mee ech fannen nemmen well een een debutant ass waat lo keen pegoratift wuert ass heescht daat net datt eis adminen, benotzen hei lo express net dauernt den begreff johny all foto duerchgoen mussen lossen...
kuck dei eng foto do mam sonnenennergang do muss endweder ennen mei hell sin oder du muss ett sou arangeiren datts de nemmen silouette hmm secher falsch geschriwen erkennen kanns datt ett eben schwarz ass hmm dann kinns de den cadrage fleit och mei panoramameissech machen sonnenennergang ass allt eppes wonnerscheines mee dei meescht huelen dann hieren fotoapparat raus klicken op automatik an batsch op photgen rop hmm och wann d foto jo schein farwen huet an sou ass jo net automatesch eng foto dei dir net gefaalen duerf nemmen well se refuseiert gin ass. hmm wei haas de dann d fotoen fir den test do rangin ? am print oder an engem mei groussen format?
kann mer dann fleit och nach firstellen datt wann een daat wasser do gebaemt op enger leinwand 2meter op 2meter geseit datt ett dann fleit gudd/besser erschengt mee los dech net vun refusen demotiveiren also datt dein account lo gelaescht soll gin nemmen wells du puer fotoen refuseiert krues... also daat reckgrad well ech als "grafikdesigner" wei an dengem profil net hun welll dann kenns de beruflech net weit wanns de bei all klenger kritik den kapp an den sand stechs ! an dobei ass photogen jo dann awer nemmen een minitbiotop vum realen liewen
an deng fotoen sin jo net schlecht dei 2 do deis de accepteiert krues fannen ech flott bessochesch dei eng mam bus och wanns de do nach haess kennen d farwen bessi pushen
ett ass nach keen meeschter vum himmel gefall ueb en bessen dann waerts de selwer zefridden sin lo kneppelen bei tromm ze geheien naja... an nemmen well dein proff een professionelen fotograph ass hmm defineier mer daat och mol weieen ofschloss huet hien dann? well sougesin gin ett extrem vill professionel photographen emmerhin machen souguer ech suen mat fotoen obwuel ech duerchaus keng gudd fotoen sou machen...
sou an den punkt mir wieren total subjektiv hmm naja ech fannen ett gudd wann schon fiergefiltert gett well sou bleift och eng gewessen qualiteit um site stell der mol fier jidereen kriet sein mippi an seng party.lu fotoen hei accepteiert... kuck sou een niveau wei op aneren siten wei view zb kries du hei net gehaal well ett awer hei eng zielgrupp ass dei voll an der endwecklung ass och wann mer waat gudd ass all altersklass hun mee bon ett haenken eben vill mei jonker hei am land am netz... an daat mam geigenseitesch luewen naja lies comments mol enkeier mei grendlesch
an mir sin keng insider community well d insider zimlesch all verschwonnen sin
an wann ech der eppes soen duerf den johny den jo awer dei meescht fotoen aktiveiert ass net parteiesch hien hellt sech och mol een haerz an refuseiert foto vun engem den en kennt... ech mengen ziel vun photogen ass jo sachen ze refuseiren an ze accepteiren kritik ze erdroen an... fir dann sou BILD zeitungsprech ze lanceiren "all 2t foto gett refuseiet " naja hmm iwerdengt deng anstellung soss roden ech der wirklesch dein account ze laeschen...
sou dei einfachst leisung waert lo dann rem sin desen post guer net ze liesen? hmm mee muss een wirklesch emmer den einfachen wee goen?
Laurent Gengler
|
|
10.02.2007 11:48 |
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Gutt gesoot Laurent
Hm also ka, ech hun an der Schoul och Foto, an mein Proff ass (dat kan ech soen) een relativ gudden Fotograaf. An ech haat bislo och emmer gutt Noten bei him, kuck all di S/W Fotoen dei ech ropgelueden hun, ech kruut vun mengem Proff eng 50 doropper. Mee vleicht net onbedingt well se sou super genial mega gutt sin, mee well vleicht fir den Niveau op dem ech sinn meng Fotoen als "gutt" ugesin gin ... Majo an knapps hun ech se op PG ropgelueden, krein ech gesoot dat as net gutt an dat an dat, do war ech mega happy well dat mir weider helleft
Op PG gin et all Aarten vun Fotografen, et gin gudder an manner gudder, den Niveau ass ennerschiedlech, an hei passt sech keen un den aneren, et gett net Rücksicht geholl op een lo schonn eiwesch Fotoen mescht oder reischt ugefong huet !!! Ech fannen du kanns Schoul (oder Heischschoul wat och emmer) an PG net mateneen verglaichen. An der Schoul mess du Fotoen dei dengem Niveau entspriechen an sou gess du dann och bewert !!
An op PG ass dat eben net sou
Ka hun am Ufank och bessen sou geduecht: wat een Scheiss gett jo alles refuseiert, mee ka hun dun awer och agesin dass meng Fotoen wirklesch neischt waren, oder dass ech nach hun missen drun schaffen ...
Also
vill Spaass nach, ajo deen Statement do, dass PG net mei un neien Memberen intresseiert wär ass absoluten Brach !!
dat war et vun mir
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Neckel am 10.02.2007 14:01.
|
|
10.02.2007 13:58 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
"Mir sinn déi allerbescht a keen ass sou gutt hei wéi mir!"
Sou denks du, Mucky, jo dann iwwert eis, gell? Gutt, da kann ech der soen dass jidfereen op PG den Erfahrung huet, déi Fotoen do refuséiert hätt. An wanns du dech "emfrees" an gesoot kriss mir wiren sws eng Insider Community, da misst de mol oppassen vu wems de Saache gleefs a vu wem net. Wen einfach alles gleeft waat em gesoot gëtt, dee kennt net weider.
Zu denger Saach matt der Prof: Wei den Neckel soot, hee krut gutt Punkten well daat fir den Niveau wou heen ass, relativ gutt ass, waat net direkt heescht dass wann een d'Foto kuckt ouni Am Kapp ze hun "du muss se sou bewärten dass se sengem niveau entsprecht" een se genee tselwecht muss bewärten.
Mer sinn eng Community wou et em d'Fotografie geet, an mir hu Leit bei eis dei grad firun 2 Wochen ugefaang hun a Leit dei schonn 20 Joer Fotoen maachen. Wen domat net kloer kennt dass d'Fotoen anstänneg kritiséiert sinn, ass definitiv falsch op der Plaz. Sou ass et eben grad scho ville Leit gaang.
"an mengt, dir hätt ahnung dovun, wei een eng community feiert." <-- Du hëlls der hei d'Recht iwwert eis ze jugéieren obwuels de guer net wees waat do hannert stëcht: Et schwetzt ee just iwwer Saachen iwwert déi ee bescheed wees.
Mir refuséieren Fotoen, well, wéi de Laurent soot, einfach ZE vill Leit hei zu Letzebuerg sinn dei sou Saache wellen mëssbräuchen als Familienalbum. An wann een bis den Trick räushuet kommen der läuter, an dei sinn dann an der Majoritéit vis-a-vis vun denen dei wirklech Fotografie bedreiwen, an domat wir déi ganz community am A*sch. Am Äusland ass daat aanescht, well do si vill vill méi Leit déi sech fir eppes spezielles interesséieren, an et sinn déi déi an der Majoritéit sinn, an dofir bräuch een net onbedingt Fotoen als eischt ze akzeptéieren, well déi ginn dann ënner an der Mass.
Wann daat dir net aliichte wëll, dann huel dech selwer matt der Nues amplaz iwwert eis hierzefaalen.
"kee Motiv ass engem Fotograf ze banal" ... Stemmt! An genee dofir hun ech deng Fotoen refuséiert. Wells du aus engem einfache Motiv trotzdem just eppes langweileges eräusgeholl hues, waat genee tselwecht äusgesäit wann een den sech net fir Fotografie wirklech interesséiert, dofun Fotoen mëcht. Fotoen wou mir gesinn dass den Fotograf sech absolut keng Méi gemaach huet eppes äus sengem Motiv eräuszehuelen, hun et net verdingt op de Site ze kommen. An daat huet guer näicht matt Insider-Community ze dinn asw.
Wanns du mengs du misst der net unhéieren deng Fotoen wiren net gutt (an aanere Wieder du reegs dech iwwert Kritik op ... Do gouf et mol sou een den soot: Wen sech iwwert Kritik opreegt wees dass se berechtegt war) dann lued deng Fotoen néirens erop. Ech sinn selwer och op aaneren Communityen, an daat net nemme säit 2 Joer, an ech wees dass bei denen allermeeschte Fotoen just Kommentarer kommen wéi "Wow genial" "Mega gutt" asw ... seelen eng bräuchbar Kritik ass derbäi fir dass ee sech verbesseren kann. Genee daat ass awer de Sënn vun desem Site. Mee wanns du mengs du misst net besser ginn (schéngt jo sou ze sin no all dem waats de hei sou ziels) dann sinn déi aaner Communityen genee daat richtegt fir dech. Mir zwéngen och keen hei ze bleiwen.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.02.2007 00:10 |
|
|
sanitel
Doppel-As
Dabei seit: 17.06.2006
Beiträge: 120
Herkunft: schuller
|
|
nachemmer aktivitéit an deem thread héi ...?
Hun baal all daach gesin, dass een geschriwwen huet...an fannen, dass desst thema wesentlech manner opmierksamkeet sollt hun als aaner threads, wou een moonsche lait weiderhellefen kann.
Hun och lo net alles duerchgelies...mee mengen ech un genuch verstaan, fir soen ze kenen:
Een minimum un Méih muss een sech fir eng foto maachen...dann wärt se normalerweis och schon opgeholl gin vun den admins. Wann et net de fall as, an een ze lidderesch as, et nachemol nai ze probéieren, (waat jo och een ,,fotograf'' ausmescht),an dann nach seet, de system um site héi wier net an der réih...kann jo muss jo net um site blaiwen
photogen.lu as secher net déi eenzeg cummunity, vun dohir....et kann een dohin séng fotoen bewerte lossen wou een et zum beschten oder op mannst gudd hällt
|
|
11.02.2007 01:46 |
|
|
|