Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ma dee get den Owend dann emol getest.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.07.2006 14:04 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ween mei iwwert deen Programm gewuer well gin, kann sech och d'aktuell DigitalPHOTO (07-08/2006) kaafen.
Op der CD ass een Trainigsvideo vun video2brain derbäi, wat an Zesummenaarbechtung mat Adobe entweckelt gin ass. Desen Video dauert 46 Minuten an beschréiwt d'Erstellen vun enger Diashow, der Library, d'Zesummenaarbecht mam Photoshop an d'Drockfunktioun.
Also fir déi déi interesseiert sin kennen sech d'Zéitung kaafen, nemmen als Informatioun menger säits
|
|
19.07.2006 14:05 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
Themenstarter
|
|
Mojoo, cool, merci fir den Tip!
|
|
19.07.2006 14:12 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ech hun awer elo nach eng Froo.
Emmer wann ech eppes iwwert den Lightroom liesen, steet iwerall eppes vun RAW. Erméiglech den Lightroom elo haaptsächlech bessert schaffen mat RAW, oder ass en awer ze vergläichen mam Photoshop?
Eng Library kount den Photoshop jo och net bidden, an d'Benotzerfläch soll och mei frëndlech sin?
Den Lightroom, ass daat dann elo een Ersatz fir den Photoshop?
|
|
19.07.2006 14:23 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
Themenstarter
|
|
Also ech hun elo ganz bessi dermadd geschafft ...
Et muss een sech mol dru winnen. Et kann een GANZ vill astellen, am Photoshop och, mee hei alles méi op enger Zentraler Plaatz.
Et kann een d'RAWn esou einfach dréinen, an quasi verschaffen, ouni den PS opzemaachen (wéi et och beschränkt am Bridge méiglech waar).
Et sin puer flott Saachen derbai, mee ass unsech haaptsächlech fir Fuerwkorrekturen ze maan.
Muss daat mol nach bessi méi am Detail kucken.
|
|
19.07.2006 17:01 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
@Mojoo
also en Ersatz fier Photoshop as de Lightroom secher net, well dofier as den Elements do. En erweiderte Bridge mat Raw Funktioun schon eischter,..mee awer och net.
@all
Bon.. Lo as d Versioun um Pc dan och raus an ett as sou wei ech mer ett fierdru scho geduecht hat: Nom Aperture huet Adobe einfach missen eppes maache fier um Niveau Raw a Workflow mathaalen ze keen.
Waat ech lo am Lightroom gemierkt hun, as datt de Schweierpunkt effektif op Workflow, an net Raw-processing geluecht get. Ech hat ett scho mol gesoot: all Converter huet seng Fier- an No-Deeler, mee de Programmopbau as immens ennerschiddlech.
Ech fannen, de Lightroom baseiert sech waat de Stockage vun de verschafftenen Donneen ubelaangt total op den Aperture waat de filehandling ubelaangt. E schafft also och mat 'Ghost' Biller soe mer mol, dei just dei Donnen enthaalen dei geaennert gi sin, mee de Fichier awer u sech intakt loosse. Lossless data saving also.
De Browser selwer baseiert mei oder weineger op iPhoto-System waat all d Tags ubelaangt, d Erstelle vu virtuellen Albumen, dei ett ermeiglechen e Bild op e puer Plaazen ze hun, ouni lo direkt physikalesch Kopien dovunner ze maan dei, wei mer ett all wesse, enorm spaicherfriessend sin. Zumols bei voll entweckelete Raw-Fichieen. Smart albums get ett och, also Albumen, dei no Tags a Stechwieder fonktionneieren. Alt rem vum iPhoto oder och zun Deel vum Apeture oofgekuckt. Just den Handling schengt mer mei relax ze sin.... (e klenge plus...)
also mai Fazit as desen: e geniale Browser mat engem agebautene Converter, deen awer nie un en Aperture rukomme waert...
Also ech stockeiere perseinlech alles an d intern Memoire vum iPhoto (hu wierklech ALL meng digital Photoen dran), an da get entweder PS geholl (fier eenzel Biller dei ech richteg gudd verschaffe well) oder den Aperture fier ebe mei grouss Projets wou een och mol verglaiche mus an hei an do... a puer Versiounen oofspaicheren... ...
Iwwregens: den Numm Lightroom.... Ech ka mer gudd fierstellen datt se sech do gaaaaanz liit um Aperture inspireiert hu, well deen huet effektif e Liichtpult op deem e ka seng Photoe ronderem tessele wei op engem Liichtpult. Play with it. resize. Size down. Move. Compare. Resize. crop. undo crop. resize. move. crop. size.undo crop........ eben top fier Albumen ze presenteieren dei mol geprint solle gin an sou...Immens.... Just play......
Bon.. Aperture as bessi lues wann een net graad ee vun den neie G5 huet...mee awer wierklech nemmen z empfehlen... Ech hu mai Choix gemaach:
Library: iPhoto
Converter: Photoshop (single) , Aperture (projects)
an dann nach e gudden 500GB Lacie Brick fier de Backup fier d Donneen och wierklech ze sechere fier falls mol eng schief laafe geiff...
)
das wars......
)))
Mee fier dei dei ebe keen Aperture hun as de Lightroom awer echt relax well en awer iergendwou d Qualiteite vun deenen aanere verbennt. Nujee... Ech hu mech un den Aperture gewinnt....
Ah joo.. waat ech och vergiess hun: den Aperture kritt ee jo net fier PEEECEEEE (sry Johny...lol...
.... An da misst ech scho baal soen datt en alles u Programmer um PEEECEEEE klappt..daat jo... also PEECEE User: huelt iech de Lightroom...lol..
)
hoffen es hilft...
))
Dieser Beitrag wurde 4 mal editiert, zum letzten Mal von Mogway am 21.07.2006 16:23.
|
|
19.07.2006 21:48 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Mogway
Ah joo.. waat ech och vergiess hun: den Aperture kritt ee jo net fier PEEECEEEE (sry Johny...lol...
.... An da misst ech scho baal soen datt en alles u Programmer um PEEECEEEE klappt..daat jo... also PEECEE User: huelt iech de Lightroom...lol..
) |
Mäin iMac gët normalerweis nach des Woch bestallt oder sou
Merci fier déng äusféierlech Beschreiwung.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.07.2006 23:06 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
eehmm... zu den xmp files: soe mer mol sou:
Am Aperture fonktionneiert daat mol sou: du hues deng original Raw File. Wanns du lo eppes drun aennere gees an dai Bild oofsaves, da gett daat am Cache vum Aperture agespeichert. Op ett an desem Fall lo richteg xmp files si, bezweifelen ech, mee u sech kennt ett op daat sewecht raus...egal... Waat lo geschitt as as folgendes: deng original File as nach emmer do. Oncorrigeiert, mee den Aperture mecht der awer zousaezlech enthumb vun dengem corrigeierte Bild (e Ghost, well e physikalesch guer net do as...). Du hues also lo dain Original, plus eng corrigeiert Versioun, dei der awer bemmen 200kb wesch hellt oder sou... An daer Versioune kanns der dann Tonne maan.
Aanert beispill: i Photo
du mes der en Album : Portfolio
en Album : Studio
en aanern : Portrait...asw....
lo wells de awer zB an deenen Albumen eng Photo dran hun, dei am Studio gemaach gin as, awer och Portrait as. Ma den iPhoto gett der hei d Meiglechkeet, eng Photo an eben e puer Albumen ze setzen, ouni lo missen direkt eng Kopie ze maan. An desem Fall gi keng 'xmp' files oofgesaved, mee d adresse am browser vum iPhoto....
Mee fier lo op d xmp files zreck ze kommen...
uuups..sry....mus duerno editeieren..... mus kuerz ab.....
|
|
19.07.2006 23:58 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also hun den dann bessen getest. Gesäit net schlecht aus, mee mat Aperture hun ech jo och nahc net geschafft. Waat opfällt ass dass heifier mäin ecran ze kleng ass
Bon an daat war dann eng vun denen eischte Kéiren dass mäi RAM vun 1GB bis op 90% gebräucht ass. Gehierlos waat den su brauch, dobäi war daat hei nach nemmen mat puer Biller an jpeg...
__________________ 404 - Not found
|
|
21.07.2006 02:20 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
Themenstarter
|
|
Ech hun den Lightroom elo 2-3 Deeg am Test, also hoffen et ännert sech nach vill fir d'Final Release.
Wéi den Johny schons soot, waat d'Ressourcen ugeed ass et extreem. En brauch deelweis oft méi RAM wéi wann ech am Photoshop eng A0 Affiche maachen. Hun och nemmen 1GB RAM hei (an och doheem). Ech mengen ganz einfach, wann ech den Mogway verstin, dass den Lightroom fill an de RAM schreift fir d'Veraarbeschtung méi séier ze maan. Well wann een den Lightroom zoumecht, bleift en nach eng gewessen Zait op, menger Meenung gin dann d'Informatiounen aus dem RAM op d'Festplack geschriwen.
Fir ee klengt Beispill ze gin waat en un Ressourcen bei mir hellt:
Peak Mem Usage: 785mb
VM: 769mb
An innerhalb vun 2h hued en schon 15tb I/O reads an 60mio. Page Faults. Ass schon net schlecht, vun dohier geng ech soen dass et vun firdeel ass wann een 2gb RAM hued, an eng gudd CPU (Dual Core oder sou).
Ee klengen Firdeel deen ech op der Aarbescht hun, ass den 20" Ecran, daat ass ganz praktesch matt deem Programm, mee doheem op engem 15,1" Laptop Ecran gedd et enk
En bleift mer nach relativ oft henken (matt ca. 1200 RAW files). En hued nach seng Macken waat d'Biller uwielen geed, oft klicken ech op een Bild an dann wielt en awer daat Bild nierwendrun un. Wann ech d'Exposure ropsetzen gedd dei net direkt ugewisen mee reischt dann wann ech se nach een Tick eropsetzen an dann muss ech se rem roofsetzen (desst ass de Fall an der Library, wees net wéi et am Developer Mode ausgesait).
Fir d'Thumbnails vun den RAW ze maachen, bleift en ab und zu bei engem RAW fichier henken an domadd bleift d'Operation henken dei graad leeft. Do kann een den Lightroom eng kéier zoumaan, nees opmaan an dann geed et weider (mee daat dauert halt eng Zaitchen well den Lightroom Visual halt zou ass mee den Prozess nach besteet).
Vis-a-vis vum Windows Vista deen een ganz aaneren Memory System hued (ähnlech wéi bei Linux), mirken ech nach net fill Ennerscheeder geigeniwer vum Windows XP. Oder soen mer esou, et gin bestemmt ennerscheeder well main Windows XP ass een PC matt 1GB RAM an engem 3GHz HT Prozessor. Den Laptop ass een 1,6GHz Centrino matt 1GB RAM. An Performance kennt quasi op daat nemlecht raus. En plus hun ech doheem um Laptop baal 5000 RAW files an der Library an hei um Buro just eng 1000.
Waat mer haut och opgefall ass, daat ass dass wann een een Title an eng Caption setzt an oder d'Location, dann iwerhellt hien daat net op all d'Fotoen dei een ugewielt hued
Verschidden Saachen am Develop Mode sin och nach relativ lues (Crop, Straighten, ...)
Geigeniwert zum Bridge awer eng ganz gudd alternativ, also leiwer den Lightroom wéi den Bridge.
Souvill zur Performance an Macken.
|
|
21.07.2006 11:04 |
|
|
Lensman
Jungspund
Dabei seit: 22.09.2006
Beiträge: 11
|
|
Lightroom Windows leeft nach extrem lues. Adobe soot awer dass daat normal as an speitstens mat der Final soll et mei seier goen.
Beta 4 kennt geschwen, mee soll och net vill mei schnell sin.
|
|
23.09.2006 13:26 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
also ech fannen en flott, an einfach gemaa... mee lues fannen ech en net... bon... vllt bessen... wiekrlech picometesch lues... awa net extrem...
|
|
23.09.2006 15:14 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also bei mir war en definitiv net nemmen bessen lues.
Mee mir kann et egal sin, ech hun elo iPhoto & Aperture
__________________ 404 - Not found
|
|
24.09.2006 00:27 |
|
|
Lensman
Jungspund
Dabei seit: 22.09.2006
Beiträge: 11
|
|
E bessen OT mee Aperture schengt een mega Programm ze sin. Den 2.0 soll mar ugekennecht gin. Schued, dass en just fir MAC as.
|
|
24.09.2006 10:15 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
hun eng kleng froo... ehhmmm... ech hun eng foto besse beaabescht mam light gedengens do, an wees net wei ech dei speischeren kann... kann een dei iwerhaapt spaischeren??
Ech gin op file, mee, den speischer knäppschen kann een net uklicken... why?
|
|
24.09.2006 19:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wann et sou ass wei am Aperture, gëtt et direkt automatesch gespäichert ouni dass de eppes muss maachen...
__________________ 404 - Not found
|
|
24.09.2006 20:50 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
hun et elo einfach an den elements riwergescheckt, an vun do aus gespaischert
|
|
24.09.2006 21:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Heen huet eng Library wou heen alles dran späichert, daat ass net wei normal Dateien
__________________ 404 - Not found
|
|
24.09.2006 21:37 |
|
|
|