Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wonnert mech dass daat hei nach keen ugeschwaat huet
Kloer, hei geet et em Fotografie mee soss Offtopic Diskussiounen kennen och ganz interessant sin.
Also, waat denkt dir dann vun dene Matcher bis elo? an wen ass ären Favorit esou? Kuckt der d'WM iwerhaapt?
Mer perseinlech huet den Match vun Däitschland ganz gudd gefall. Allerdings muss ee bedenken dass se 2 Gooler geschoss kruuten, waat och net su weinech ass, fier geint eng Equipe wei Costa Rica.
Geschter owend hätt kloer d'Elfenbeinküste verdingt gehaat ze gewannen, mee bon egal, that's football.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.06.2006 14:30 |
|
|
Focus
Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60
|
|
Gin der absolut recht bei der 11enbeinküst. Schued das se et net gepakt hun.
|
|
11.06.2006 14:59 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Kuckt der d'WM iwerhaapt?
|
Ech wäert wuel een vun deenen eenzegen sin (zumindenst vun mengem Geschlecht
) deen d'Wm wuel guer net intresseiert. Ech hun deen ganzen Rummel em den Fussball nach nie verschtaanen
Ech hun och nach nie verschtaanen firwaat een Herr Ballack 125.000 Euro an der Woch verdengt.. fir weieng Leeschtung?! Fir den Ball ze jongléieren an an eng véiereckeg Këscht ze geheien? An weem helleft heen domadder..? Naja.. also doriwwer kann een laaang discutéieren, beim Schumi ass et jo d'nemmlecht, just dass deen nach vill mei kritt..
Vill Léit mengen se giffen eppes dervun verschtoen, mee hun ampfong guer keng Ahnung, mee wellen just derzougehéieren.. well jiddfereen et esou mescht! Vill Léit kucken just den Fussball well dei aaner et och esou maachen. Ganz oft ass een schon een Aussenseiter wann een net wees waat "Abseits" heescht, an dann gett och nach den Geck mat engem gemaach (et brauch een nemmen dei läscht zwou Wochen Fernseh gekuckt ze hun, do sin se beschtemmt all Daag an iirgendenger Sendung op d'Stroos gaangen, hun d'Léit do ausgefroot an duerno den Geck gemaach).
Mee ech fannen et awer flott dass sech souvill Léit kennen amüseiren, soulaang daat Ganzt ouni vill Sträit an Kleppereien oofleeft hun ech och guer näicht dergéint!
|
|
11.06.2006 16:38 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
Mojoo do stehs de net aleng do
ech hun nach nie fussball gekuckt an wäert et och nie kucken
ass dach nemmen zodi emmer 22 leit (ech wees alt weivil der mat spillen mei och net
) dei engem ball no laafen
|
|
11.06.2006 17:12 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
Vun Spillgeschwindegkeet hued mer den Match Argentinien - Elfenbeinküst am bäschte gefall.
Am schéinsten gespillt hued menger Meenung bis elo Holland (flott Passen, fair Play, ...).
De Match matt de meechsten Goaler waar natierlech Daitschland, waar ee Match natierlech och rem interessant mecht.
Enteuscht hued mech England a Polen. An iwerrascht hun mech all dei Equippen wou ennerschaad si gin, decken Respekt un déi.
Favorit nuje ... Ech weilt et wier England, mee mengen daat gedd et net, mengen éischter dass et Brasilien gedd, obwuel ech schon bessi meng Bedenken dobai hun
) Gedd nach flott.
Sou an elo kucken mer eis mol Mexico géint Iran un
|
|
11.06.2006 17:55 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Ech sin eierlech och keen fussball "Liebhaber"... mee, gucken doofier emmer ganz gäeren d'WM... mee vue que dat ech main stage fier 10 wochen am resto hun... kreien ech net vill mat...
MAin Geheimfavorit ass Iran... wann een guckt wei gudd se an lschter zait gi sen.... net schlecht... mee fannen et relativ schued dat se haut geint Mejico verluer hun...
Wor awa en scheinen Match (kruut deelweis puer minuten ze gesin), an d'Iraner hun bis zum schluss net opgin... schei gespillt, passen... mee hoffen dat sech daat bei Iran-Portugal ännert...
Wann Iran raus ass... as main Kloeren favorit Italien... (back to the roots ;-))
|
|
11.06.2006 20:35 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
@mojoo: ech fannen och dass dei alleguer bessen iwerbezuelt sinn
Majo mein Topfavorite ass ITALIEN! sin zwar net ganz secher op se wltmeeschter ginn mee drecken hinnen d^Daumen
Hun den Match Trinidad-Schweden gekuckt an hun font dass Trinidad mol guer net sou schlecht ass fierun allem hieren Keeper!
|
|
11.06.2006 20:57 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
bon... insegheim hoffen ech dat italien gewennt... mee et gouf schon oft gesoot, dat en komplott geint italien vierlait... an daat sait lo 24 joer... deemols hun se dei lescht WM mat schwieregkeeten gewonnen, an saitdeems kommen se emmer ant final (veierels final- hallefsfinal) awer kommen och net mei wait...
|
|
11.06.2006 21:39 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Also... do kann ech lo eppes soen... as jo dann amfong sou epes wei rassismus / respektiv fierurdeel waats du hai sees...
Ech sin letzeboier, mee hun awa iraner an der famill (haalen lo net doowengs fier iran)... Mee, Iran daat ass an enger diktatur, an do gin d'leit ennerdreckt... daat eenzeg waats du do gesais, waat dech do sou denken leist, ass wahrscheinlech den Präsident...
D'Iraner dei ech kennen, sin een vun den Seriösten leit, an leifsten lait dei ech kennen (net nemmen aus der famill)...
Bon... ech well der lo keng priedegt maan, oder sou... mee... nemmen wengs engem diktator schwain, heescht et net dat all aaner lait dei do wunnen/liewen schlecht sin...
Oder?
|
|
11.06.2006 23:06 |
|
|
Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
|
|
Ech hun amfong genee déi selwescht Meenung zur WM wéi de Mojoo se lo heihinn geschriwwen huet ... an awer, 't gett een lo iwwerall domat konfrontéiert, 't kann ee kee Radiosender méi lauschteren oder Norichten um Fernseh kucken ouni daat d'WM erwähnt gett, egal wou's de hingees hänken aus Fensteren iergenteng Fändelen raus an wanns de an d'Schoul gees (do ass et nach bal am schlemmsten) laafen firun allem déi méi jonk Schüler mat Fändelen, Trikoen, Kaapen, Schweesbännercher an all méiglechen Saachen vun hirer Lieblings-Mannschaft rondrem. Ech verstinn jo (nee ok, verstinn et net mee kann et awer bessen novollzéihen
) wann ee fir eng bestemmten Equipe hällt mee ech fannen verschidden Leit iwwerdreiwen awer häfteg domatter ...
An nach bal daat schlemmst un der ganzer Saach ass daat et well bal manner em de Sport selwer wéi em d'Suen geet, wann ee kuckt wéivill Emsaatz lo mat der WM gemaa gett, daat ass dach bal net méi normal ...
Géint d'WM selwer hun ech naicht, 't ass flott dass souvill verschidden Länner an Kulturen do openeen treffen, géinteneen spillen an sech och souvill Leit dofir interesséieren mee ech fannen daat ganzt sollt net ze héich gespillt gin, 't gett einfach zimmlech iwwerdriwwen mat der ganzer Saach.
Kucken maan ech daat Ganzt net, wéilaang 22 Männecher nokucken déi engem Ball nolaafen ass mir op Dauer ze langweileg ^^
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Minaa am 11.06.2006 23:35.
|
|
11.06.2006 23:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Kloer iwerdreiwen vill Leit a villen Hinsichten, suwuel mat de Suen wei mat dem waat d'Minaa lo soot. Mee dofier kënnen d'Spiller selwer awer näicht, an de Fussball den soll gespillt gin kann och net derfier. Dass ee behaapt Fussball wir just dass 22 Leit dem Ball nolaafen fannen iwregens schon bessen ze kannerech, wann een et sou wëll kann een iwert all Beschäftegung sou schwetzen, och iwert d'Fotografie
Ech wollt awer lo net hei eng Diskussioun hun op Fussball kucken oder net, mee iwert d'Weltmeeschterschaft selwer
Hätt dei Fro mam kucken wuel sollen wechloossen.
Also den Owend hun d'Portugiesen enttäuscht, déi fléien wech herno wann se sou weidermaachen.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.06.2006 23:42 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Also ech sin lo net den totalen Fussballfan, mee ech intresseieren mech allgemeng vir alles waat Sport ass well ech et och selwer gär praktizeieren. An dohir kucken ech och heiansdo mol en Match vun der WM, allerdings wahrscheinlech eichter d'Finalematcher.
Den Match Daitschland - Costa Rica huet mer awer schon gudd gefall, hun fonnt dass daat en gudden Eröffnungsmatch war, mat 2 Goaler dei wierklech ganz schéin waren, och wann deen daitschen Fernseh och gären iwwerdreiwt wann et em Daitschland geet, se haaten awer hei recht mat hieren "Draamgoaler".
Ech haalen vir Brasilien, well ech iergentwei zu denen haalen sait ech kleng war. Allerdengs hätt ech och net ongär wann Holland geif gewannen, meng Sympatieequipe.
Hoffen op eng friedlech WM mat villen Goaler oder nach besser mat weineg Goaler awer schéinen!
Weiderhin spillen ech awa nach emmer leiwer selwer wei nozekucken, well dann zucken engem d'Been emmer sou.
|
|
12.06.2006 00:42 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
@ olimi:
Fir dat mam Iran lo nach kloarzestellen:
Do muss ech mech zwar wuel bei der an dem Iraner entschellegen. Och wann ech, wei ech lo dat geschriww hat firdrun, net un Rassismus, mee einfach un d'Politik geduercht hun, sou hun ech awer gesin datt dat och aanescht interpreteiert ka gin, du has mech jo och lo drop higewiss.
Mee et kann een irgendsweich keng Sympatien zu engem Land opbauen, dat d'Atombomm gär hätt an och bereed as, se anzesetzen, notament eben den iranischen President (offiziel as den iran jo eng islamisch republik), an ech bezeihe mech dann och nemmen op deen, well ech jo lo net verallgemengere well.
:-)
Hoffen, kanns mer nach eemol hei verzeihen, hat lo keng rassistisch gedanke geint d'iranischt vollek, mee ech hat eben lo nemmen dei politisch situatioun gekuckt.
Hoffen domatt as d'Saach geklärt. :-)
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
12.06.2006 16:08 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Bon... ok... ech war der jo och net roosen... mee et huet een eben esou, an mengen aan interpreteiert...
Ass jo net schlemm...
Ween spillt lo iwerhaapt?!
|
|
12.06.2006 16:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Tschechen hun immens gudd gespillt wei ech fannen, 3-0 geint USA. Wann dei sou weidermaachen, da kommen déi wäit.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.06.2006 20:47 |
|
|
|