OK-Photography
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmm interessant mol eng Alternativ aus der Kategorie Preisdumping ze hunn!
allerdings färten ech dass se net "ganz fair" ass: beim "qui sommes nous" steet ganz kloer: Purnima Digital est une équipe française établie à Hong Kong et Singapour, avec un relais en Europe depuis plus de 7 ans afin d'assurer un rapport qualité-prix performant et reconnu sur internet.
Domat steet (baal secher) fest dass d'Material vum ASIATECHEN Marchée kent, an domat kloer méi beleg ass (KENG TVA, steet och ennen) - allerdings get et een riesen Problem an dem Fall: wann eppes drun ass, flickt keen Canon-Reparatur-Center an EUROPA daat! si kucken dSeriennummer an paaken et mol net un wann et vir den Asiatechen Marché ass....
an dem Fall hues dann 2 Méiglechkeeten, entweder du probeiers eppes mat "Purnima" auszemaachen an et iwwert dei zrek ze schecken (get meiglecherweis komplizeiert / du muss dech komplett op hieren Service verlossen, kriss méiglecherweis keng Info'en mä just eng RECHNUNG gescheckt) oder du mess et op eegen Fauscht an schecks et an Asien (hmm...do brauchs de méiglecherweis een Iwwersetzen....ausser Googletranslate heleft der bei den Formulären etc. hihi)
Kuerz: interessant Praisser mä mengen net dass ech mech un soueppes giff runtrauen...wees net....den Risiko dass et den Site an 3 Méint net méi get an een dann mat senger chinesicher Kanoun do setzt ass mer warscheinlech ze grouss...
(Digiwowo bezidd sain Material -mengermeenung- no vum Osteuropäeschen Marché, wat keen Problem mat der Garantie ass an glaichzaiteg vir liicht méi niddreg Praisser suergt...)(Emmerhin hunn ech do well akaaf an an Reparatur gescheckt, war alles kp)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|