Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
"Copyright" gëtt et scho mol an dem Gebräuch just wirklech an den USA, bei eis hei ass daat d'Urheberecht respektiv "droits d'auteur".
GNU, also d'GFDL Lizens déi mir hei ubidden, dozou gëtt et beim Roplueden direkt de Link op d'Wikipedia wou daat erklärt ass: http://lb.wikipedia.org/wiki/GFDL
Droits d'auteur si ganz einfach dass du déi Foto net upaken däerfs, streng gesinn. Du däerfs se zwar op däi PC huelen z.B. an als Hannergrondbild um Desktop setzen, mee du däerf ënnert kengen Emstänn se publizéiren (wéi sou vill Leit et emme rgemaach hun op party.lu, Sammlunge vu Fotoen déi schéi sinn, daat ass emmer gréisstendeels illegal), an du däerfs se och net veränneren d.h. net am Photoshop opmaachen an dru bastlen goën.
Matt der spezieller Mentioun, daat haate mer eng Zäitchen well mer do matt der lëtzebuergescher Wikipedia zesummegeschafft hun, do huet déi Foto dann dofir däerfen geholl ginn, also fir an en Wikipedia-Artikel, an méi net.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.05.2008 20:56 |
|
|
gwiltgen
Grünschnabel
Dabei seit: 18.05.2008
Beiträge: 2
|
|
merci, also eng photo eroflueden a weiderverschaffen ass illegal soufern den auteur dat net express erlabt z Bsp fir eng retouche ze maachen op engem bild als verbesserungsvirschlag
|
|
24.05.2008 21:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jop richteg. Wann en se ënenrt der GFDL huet, däerfs de et awer maachen.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.05.2008 21:14 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Salut
Ech hun hei lo bessen duerno gesicht an dest hei fonnt Fotorechter oder Fotorecht - FAQ.
Ganz interessanten artikel. Merci Canon.
Den gros wosst ech zwar dovun well ech sou artikelen schon gelies hun mee wei geseit daat ganzt an der Praxis aus? firun allem daat lei :
Zitat: |
Frage: Welche Ansprüche hat jemand, dessen Foto unberechtigt veröffentlicht wurde?
Antwort: Zunächst einen Unterlassungsanspruch (keine neue Veröffentlichung; bisherige Veröffentlichung sofern möglich beenden). Dann einen Schadensersatzanspruch, sofern die unerlaubte Veröffentlichung fahrlässig oder vorsätzlich erfolgte. Der Schaden kann konkret oder abstrakt berechnet werden. Eine konkrete Berechnung ist meist mit Ausnahme der stets zu erstattenden Anwaltskosten kaum möglich. Die abstrakte Abrechnung erfolgt auf Basis der fiktiven Lizenzgebühren für das Foto. Schließlich kann alternativ auch Auskunft über den mit der Fotoveröffentlichung erzielten Gewinn und dessen Herausgabe verlangt werden. Auch ohne Verschulden kommt eine fiktive Lizenzgebühr unter bereicherungsrechtlichen Gesichtspunkten in Frage. Ausnahmsweise kommt auch eine Geldentschädigung ("Schmerzensgeld") in Betracht. Dies betrifft Fälle der schuldhaften und besonders schweren Persönlichkeitsrechtsverletzung, insbesondere bei Veröffentlichung von Fotos Prominenter zu Werbezwecken oder in der Presse und im Fernsehen. In diesen Fällen kann die Entschädigung leicht hohe fünfoder sogar sechsstellige Beträge erreichen. |
Huet domat een erfahrung?
Geif mech nawell deck interesseiren wei daat an der Praxis oofleeft ?
Merci
|
|
20.01.2009 10:01 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
An der Praxis as et den Tralala oft net wärt, well déi puer Suen déis de rausschloen kanns sin mat souvill Gedeesems verbonnen dass et vill Zäit an Nerven kascht. Dat gelt awer net sou fir Firmen déi mat Fotoen schaffen. Géi mol op www.gloda.net, an den Links ënnert Copyright hun ech e puer Artikel gesammelt.
__________________ www.gloda.net
|
|
20.01.2009 12:49 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Merci fir links Gloda, do sin nawell interessant Saachen dobei.
Et ass daat waat ech mer geduet hun.
An der theorie gesin dei texter do emmer gut aus, praxis ass leider eng anner.
An den ganzen tralala do brengt, weis de sees, meeschtens net ganz vill.
Dofir scheint et jo bei der Press mettlerweil usus ze sin fir Fotoen einfach "klauen" ze goen, ass wuel eng nei form vun cost-saving.
Sou gesin ass daat do quasi eng greng lucht fir Medien fir illegal fotoen ze benotzen, well vill ze färten hun se jo net wann ech daat sou richteg gesin.
|
|
20.01.2009 13:36 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
20.01.2009 18:15 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Gloda
Jo daat mat der Rechnung schecken mat Breif get effectif praktizeiert, en Kolleg aus Deitschland mecht daat sou.
Deen huet carrement sou eng art terms of use an den IPTC daten vun sengen biller stoen inklusif preis .
Sou baal een se benotzt kriss de eng rechnung
Ob dei methode och fir en Amateur Fotograf zoulässeg ass, ass eng gut fro.
Daat misst een effectif dann mol eng keier nokucken fir do keng beis iwerraschung ze erliewen.
wei ech gesin gin deng fotoen och nawell deck beleiwt
Naja, am endendeffect wärten mer an zukunft sust nach biller um inet hun dei mei watermark sin wei foto
|
|
20.01.2009 18:54 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Salut,
ech sinn vun dem Problem net betraff, meng Fotoen well keen
Nee elo mol seriös: Ech fannen et eng RIESENSAUEREI wann esou Fotoen (an mengen Aan) geklaut ginn.Een den eng Foto brauch, soll och dofier bezuelen...an der Modebranche gett jo och heftig Stroofen wann eng kopéiert.
@ Gloda: Wéi hues du dei Seiten do all erausfont wou deng Fotoen gebraucht ginn ??
|
|
21.01.2009 10:00 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
@gloda: Ech wier awer elo och mol interesséiert wéis du färdeg bruecht hues fir déi Siten ze fannen. Et ass mir schon mol virkomm dass Leit mech opmierksam gemeet hun dass eng Foto vun mir op engem aaneren Site ass, awer daat waren dann och Siten déi sech direkt mat menger Seit beschäftegt hun an dofir och mein Nicknumm an Internetlink dobei gemeet hun. Daat ass dann méi einfach ze fannen wann een Googelt. Déi Foto do awer op sou exoteschen Seiten eremzefannen fannen ech schon stark. Hun déi dann den original Dateinumm beibehaalen, an du hues se sou fond???? Eng Sauerei ass et op allefall!
|
|
21.01.2009 10:36 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von McQueen
ech sinn vun dem Problem net betraff, meng Fotoen well keen
|
Do geifs du dech nawell ferm wonneren
Also ech sin zimlech vill betreff, mee daat leit an sech un den sujeten dei ech knipsen : Museker, an do ass et meeschtens och egal op foto gut ass oder net
Do hues de ganz vill Fans oder deelweis och gruppen selwer dei fotoen dann ,deelweis och ouni ze froen , huelen fir se op hieren site ze setzen. Bon bei den Groupen sin daat an sech nemmen local bands, an dei kennen mech zum greissten deels och all.
Do muss ech soen, an deem fall ass daat mir egal, eng hand wäscht dei anner, an wann sie se vum Site huelen steet mein numm jo per watermark dran. vun dohier och bessi pub fir mech.
Wou ech awer zimlech sauer gin ass wann local Medien einfach op den site vun der band gin, foto, inklusif watermark vun do roofhuelen an dann fir en artikel benotzen.
Ok, do keint een soen, daat ass dann och pub, mee dovun kann ech mir neischt kaaffen
An mat Medien mengen ech an deem Fall Gewenn Orienteiert Gesellschaften.
Ah jo, haat geschter nach mat engem amigo riets fir Rechnungen auszestellen, daat geet, natierlech muss een do och bessen oppassen wei een daat mecht (als privat persoun)
Gloda, also ech schleissen mech deenen anneren un, et geif mech anwell ferm interesseiren weis de dei siten do all fonnt hues.
|
|
21.01.2009 11:50 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
21.01.2009 14:14 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
@ Schlimpitz
Ech denken emol wanns de bis ufänks Rechnungen ze verschécken muss de och Steieren op dain Gewënn bezuelen. Sief dach frouh dass déi eng oder aaner Foto vun der geholl gëtt. Oder verkaaf se den Bands - déi mussen hier "Communiqué'en" och mat Biller ënnerleen. Awer leider hun déi mannst eng Ahnung wéi et bei den Medien "leeft".
|
|
21.01.2009 23:55 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat wat mech am meeschten dobäi stéiert as dass vill Siten déi méng Foto geklaut hun donierwt dann Porno-Reklammen laafen hun. (Keng vun denen wou ech gelinkt hun mengen ech.) An ech gin dann mol dovun aus dass si dann Suen verdingen all Kéiers wou dann een dorop klickt.
__________________ www.gloda.net
|
|
22.01.2009 11:57 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Natierlech verdengen se suen domat, an net all ze knapps.
|
|
22.01.2009 12:00 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Also fir nachemol dorop zeréck ze kommen:
wann et lokal Bands sin (waat ech elo mol einfach unhuelen), dann kanns de dech jo mat hinnen esou arrangéieren dass de gratis Ticketen amplaaz kriss, oder déi eng oder aaner CD vun hinnen. Eventuell kenns de se jo och an da gidd der engkéier e Patt drénken an dann ass d'Saach gudd.
[quote=Schlmipitz]Erklär mir mol waat ech dovunner hun wann iergend en medium mol einfach ouni genehmigung meng fotoen verwend? [/quote]
Da stellen ech elo mol einfach d'Géigenfro: waat hues de dovun wann keen deng Foto verwend? Et ass dach op allefall besser wann se (an engem serieux'en Medium wuelverstaanen) veröffentlecht gëtt ewéi wann se op dengem Harddisk vergammelt!?
Du schreifs just vun den Internetsiten. Fir mech zielen zu den Medien allerdéngs och nach d'Daageszeitungen (den Radio an d'Telé och, awer déi lossen mer beim Thema Foto mol op der Sait).
Wanns de elo wierklech déi Affaire op den Internet aléng beschränks dann gesinn ech et esou dass de guer keng Foto méi eroplueden dierfs. Well am Fong kann een alles waat een am Internet kucken kann och kopéieren. An och Waasserzeechen kann een erem deelweis eraus retouschéieren, oder den "friemen" Site pecht sain Logo ganz fresch a vill méi grouss einfach driwwer.
|
|
22.01.2009 15:18 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
wann et lokal Bands sin (waat ech elo mol einfach unhuelen), dann kanns de dech jo mat hinnen esou arrangéieren dass de gratis Ticketen amplaaz kriss, oder déi eng oder aaner CD vun hinnen. Eventuell kenns de se jo och an da gidd der engkéier e Patt drénken an dann ass d'Saach gudd |
Jo bei deenen ass daat jo och keen problem, mir kennen eis jo. An mat deenen gin ech eenz. Mat den Bands hun ech jo keen problem.
Daat hun ech jo och do uewen hin geschriewen
Zitat: |
Du schreifs just vun den Internetsiten. Fir mech zielen zu den Medien allerdéngs och nach d'Daageszeitungen (den Radio an d'Telé och, awer déi lossen mer beim Thema Foto mol op der Sait). |
Genau dei Medien mengen ech jo
(Daageszeitungen, Radio, Tele, inklusif hier internetpresenzen) Also lo an mengem konkreten fall
Et geet hei net em eng kleng Fanpage oder sou
Zitat: |
Da stellen ech elo mol einfach d'Géigenfro: waat hues de dovun wann keen deng Foto verwend? Et ass dach op allefall besser wann se (an engem serieux'en Medium wuelverstaanen) veröffentlecht gëtt ewéi wann se op dengem Harddisk vergammelt!? |
Also et sin zimlech vill vun mengen Pics online oder an enger annerer form veröffentlech gin. Sierf daat Internetportaler dei sech mat musek befassen, Internetseit vum artist, Kataloguen, Booklets vun Alben, Poster,Magazines asw.
Vun dohier, gesin ech also net den problem waat daat vergammelen um HD ungeet.
Ass deng fro domat beäntwert?
Mee fenns du et normal, dass en Medium, deen hei am Land nawell zimlech gut ungesin ass an zu deenen greissten zielt, deng foto einfach sou benotzt ouni dech ze froen?
Ech net
|
|
22.01.2009 15:48 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Ëmt wéien Medium geet et dann? Du dierfs dech och a politeschen Fuerwen ausdrécken fir keen Numm esou direkt ze schreiwen?
Ech kann der just soen dass eng Zeitung keng Suen mat enger Foto verdingt. Déi gin einfach just geholl fir d'Saiten e bessen méi opzelockeren. An esoulaang grad déi Foto och nët op der Titelsait ass gleewen ech kaum dass extra een wéinst dénger Foto d'Zeitung keeft *grins*
|
|
22.01.2009 16:54 |
|
|
|